Jean-Pierre Raus
Jean-Pierre Raus | |
---|---|
Gebuer |
10. September 1863 Ouljen |
Gestuerwen |
16. Oktober 1933 Eech |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Member vun | Cercle artistique de Luxembourg |
De Jean-Pierre Raus, gebuer de 10. Februar 1863 zu Ouljen, a gestuerwen den 16. Oktober 1933 zu Eech, war e lëtzebuergesche Moler.[1]
De Jean-Pierre Raus war de Jong vum Bauer Anton Raus an der Anna Nockels.[2] No senger Ausbildung an der École agricole zu Ettelbréck huet hien zu Paräis an der École des arts decoratifs studéiert.[3] 1893 huet hien zu Ouljen d'Anna Welter (1859-1911) bestuet. D'Koppel huet dono zu Paräis gelieft. Nom Doud vu senger Fra ass de Raus 1912 zréck an de Grand-Duché gaangen. fir d'éischt huet hien nees zu Ouljen gewunnt, dunn ass hien an d'Mille am Pafendall geplënnert.
Hien huet als Kadasterbeamte geschafft, spéider als Comptabel an der Eecher Klinik.
De Jean-Pierre Raus huet Landschaften gemoolt. Hie war Member vum Kënschtlerveräin Cercle artistique de Luxembourg.[1]
Hien ass am Alter vu 70 Joer zu Eech gestuerwen a gouf zu Oulje begruewen.[4]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Jos Welter, réd. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
- ↑ Gebuertsschäin Gemeng Betzder: 1866, n° 30.
- ↑ Lambert Herr (1992) Anthologie des arts au Luxembourg. Lëtzebuerg: Editions Emile Borschette. ISBN 2-87982-034-0. S. 306; Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 268.
- ↑ "Monsieur J P RAUS", Doudesannonce vun der Famill, am Luxemburger Wort, 17. Oktober 1933, op eluxemburgensia.lu.