Jean-Pierre Bauer

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jempy Bauer)
Jean-Pierre Bauer
Gebuer 15. Juni 1888
Neiduerf
Gestuerwen 3. Mäerz 1964
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Eisebunner, Gewerkschaftler
Partei LSAP

De Jean-Pierre ("Jempy") Bauer, gebuer de 15. Juni 1888 am Neiduerf (deemools Gemeng Eech) a gestuerwen dem 3. Mäerz 1964 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker an Eisebunner[1].

Hien hat fir Schlässer geléiert. No e puer verschiddene Patronen, vun 1902 bis 1913, ass hie bei d'Guillaume-Luxembourg-Eisebunn schaffe gaangen. Hie gouf do 1919 Heizer, an 1938 Lokomotivféierer. 1946 gouf e pensionéiert.

De Jempy Bauer war Grënnungsmember vun der Eisebunnergewerkschaft FNC. 1937 huet hie bei de Gemengewalen an der Stad Lëtzebuerg kandidéiert a gouf zum Gemengerotsmember gewielt, a bis 1963 erëmgewielt.

Bei de Chamberwale vum 6. Juni 1937 gouf hien eng éischt Kéier fir d'Sozialistesch Partei an d'Chamber gewielt, a blouf Deputéierte bis 1959 (mat Ausnam vun de Krichsjoren 1940-1945).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.27.