Joseph Faber (Ingenieur)
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Ingenieur Joseph Faber. Fir aner Leit mat demselwechten Numm, kuckt wgl. Joseph Faber. |
De Joseph-Charles Faber, gebuer de 15. Oktober 1862 an der Stad Lëtzebuerg, och do gestuerwen den 10. Oktober 1933,[1] war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
Vun 1906 bis 1907 war hie Schäffen[2] a vun 1907 bis 1916 Buergermeeschter vun der Stad Réimech.
Hie war vun 1908 bis 1917 Deputéierten an der Chamber.[3]
Vum 19. Juni 1917 bis den 28. September 1918 war hie Generaldirekter (Minister) fir Landwirtschaft, Handel an Aarbecht an der Regierung Kauffman.[4]
Hie war duerno vum 28. September 1918 bis zu sengem Doud Member vum Staatsrot.
Am Alter vun 71 Joer ass hien a sengem Haus an der rue des Dahlias gestuerwen a gouf den 12. Oktober 1933 zu Réimech begruewen.
De Joseph Faber war mat der Charlotte de Maringh bestuet.
Gielercher [1]
- Officier vum Ordre de la couronne de chêne
- Commandeur vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Commandeur vum Ordre de la Couronne de Belgique
- Médaille du Roi Albert
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 Doudesannonce am Luxemburger Wort Nr 283 vum 10. Oktober 1933
- ↑ Nominatioun publizéiert am Mémorial N° 3 vum 13. Januar 1906, S. 41
- ↑ Als, Nicolas, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, ISBN 2-87954-021-6, S. 514
- ↑ Nominatioun publizéiert am Mémorial N° 51 vum 19. Juni 1917, S. 645
Kategorien:
- Gebuer 1862
- Lëtzebuergesch Ministeren
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Lëtzebuergesch Buergermeeschteren
- Membere vum Staatsrot zu Lëtzebuerg
- Officier de l'ordre de la couronne de chêne
- Commandeur de l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Commandeur vum Ordre de la Couronne
- Gestuerwen 1933
- Lëtzebuergesch Ingenieuren
- Landwirtschaftsministere vu Lëtzebuerg