Jul Christophory

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jules Christophory)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jul Christophory
Gebuer 22. Abrëll 1939
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

De Jul Christophory, gebuer den 22. Abrëll 1939 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Auteur a fréieren Enseignant.

Als Sproocheprofesser war hie vun 1964 bis 1972 am Lycée de garçons de Luxembourg a vun 1972 bis 1983 am Lycée Michel Rodange.

1969 an 1977 huet hie Franséisch-Coursen op der Miami University zu Lëtzebuerg ginn. Uganks vun den 1970er huet hien zwee Bicher publizéiert, déi sech un Auslänner riichten, déi gär Lëtzebuergesch léieren.

Vun 1984 bis 1996 war hien Direkter vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik a vun 1996 bis 2001 Direkter vun der Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg.

Duerno war hie bis 2004 Chargé de cours fir Ekonomie-Englesch um Centre Universitaire zu Lëtzebuerg.

Zanter 1977 ass e Member vun der Section de Linguistique, d'Ethnologie et d'Onomastique vum Institut grand-ducal.

2008 gouf e mam ALBAD-Präis ausgezeechent.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Who's afraid of Luxembourgish? - Qui a peur du luxembourgeois ? 1973
  • Mir schwätze Lëtzebuergesch, 1973
  • Les Luxembourgeois par eux-mêmes, 1978
  • Luxembourg, volume 23 de la World Bibliographical Series (en collaboration avec Carlo Hury), 1981
  • Chefredakter vum Portugisesch-Lëtzebuergeschen Dictionnaire, Lycée Michel-Rodange, 1980
  • Chefredakter vum English-Luxembourgish Dictionary, Lycée Michel-Rodange, 1982
  • Luxembourgeois, qui êtes-vous?, Edtions Binsfeld,1984
  • Radioscopie de la littérature sur la 2e Guerre Mondiale, editions RTL, 1986
  • La Bibliothèque nationale de Luxembourg, son histoire, ses collections, ses services, Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, 1987
  • 150 manuscrits précieux du IXe au XVIe siècle conservés à la Bibliothèque nationale de Luxembourg, 1989
  • A Short History of Literature in Luxembourgish, Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, 1994
  • Luxembourg, volume 23 révisé de la World Bibliographical Series, zesumme mam Émile Thoma, 1997
  • Précis d'histoire de la littérature en langue luxembourgeoise,Éditions Paul Bauler, 2005
  • 2008. Mir schwätze lëtzebuergesch = Nous parlons luxembourgeois: abécédaire luxembourgeois - guide bilingue de grammaire et de lecture = We speak Luxembourgish: Luxembourgish Primer - bilingual guide to grammar and reading. Ill.: Marcel Weyland. 188 p. 3e éd. revue et augmentée. Éd. Bauler, Luxembourg. 2008 [i.e. 2007], Impr. Centrale, Luxembourg, ISBN 2-919885-53-7.
  • Le Château de Grevels et la Libération de Bertrange - au Grand-Duché de Luxemboug - le 9 septembre 1944, Éditions Paul Bauler, 2009, ISBN 978-2-919885-55-8