Jules Schreiner

Vu Wikipedia
Jules Schreiner
Gebuer 23. Dezember 1899
Bréissel
Gestuerwen 7. Februar 1985
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Foussballspiller

De Jules Schreiner, gebuer den 23. Dezember 1899 zu Bréissel a gestuerwen de 7. Februar 1985, war e lëtzebuergesche Politiker a Foussballspiller.

Hien ass a fréier Jugend op Lëtzebuerg komm an huet an der Zäit um Éischte Weltkrich als Dréier op Arbed Schëffleng geschafft. Hien huet sech gewerkschaftlech engagéiert a gouf dofir e puermol entlooss. 1928 huet hie sech als Béierdepositaire installéiert.

Hien huet och Foussball gespillt, fir d'éischt an der Jeunesse Esch an duerno an der Fola, hien huet de 17. Abrëll 1927 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[1]

Am Zweete Weltkrich war hie Member vun der Resistenz an ass vun den Nazien an d'Konzentratiounslager Buchenwald gestach ginn.

Vun 1934 u gouf hie siwemol hannerenee, bis 1975, op der Lëscht vun de Sozialisten, an den Escher Gemengerot gewielt. Tëscht 1951 an 1965 war hie Schäffen, a vun 1965 bis 1969 Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht.

No de Gemengerotswale vun 1969 wollt hien d'Koalitioun mat der CSV viruféieren, mä en Deel vun der LSAP war domat net averstanen. Et koum zu Neiwale mat zwou sozialistesche Lëschten, déi eng ugefouert vum Schreiner, déi aner, déi ee Sëtz méi krut, vum Joseph Brebsom.

De Jules Schreiner war och vun 1951 bis 1954 (wou e fir de Michel Rasquin nogeréckelt ass, dee Minister gouf), a vun 1964 bis 1968 Deputéierten an der Chamber.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Jules Schreiner op der Websäit vun European Football
  2. Memorial A N°10 vum 18. Februar 1956 mat der Lëscht vun de Leit déi 1956 am ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2013-11-10.