Justin Gloden
Justin Gloden | |
---|---|
Gebuer |
22. Mäerz 1953 Elveng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller, Liichtathlet |
Veräin/Ekipp |
C.A. Spora Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
De Justin Gloden, gebuer den 22. Mäerz 1953 zu Elveng, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller a Liichtathlet.
Carrière[änneren | Quelltext änneren]
Als Sportler a Leefer (Member vum Club Spora Lëtzebuerg an duerno Celtic Dikrech) op laange Strecken hat hien zu Lëtzebuerg an am Ausland vill Erfolleg.
Hien huet seng Sportlech Carrière als Foussballspiller beim FC Brouch ugefaangen an no 3 Joer huet hie bei d'Spora gewiesselt. Den 12. November 1975 huet hie fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp an engem Frëndschaftsmatch géint Däitschland matgespillt.[1]
Hien huet un den Olympesche Summerspiller zu Seoul um Marathonlaf deelgeholl wou hie mat 2.22'14" op déi 36. Plaz ënner 118 Konkurrente komm ass.
De Justin Gloden schafft op enger Bank, ass bestuet an huet 2 Kanner.
Palmarès[änneren | Quelltext änneren]
- Landeschampion
- 800 m: Landesmeeschter 1976, 1980, 1982, 1983
- 1.500 m: Landesmeeschter 1976, 1977, 1979, 1980, 1981, 1983, 1991
- 5.000 m: Landesmeeschter 1977, 1978, 1979, 1980, 1983,1985, 1990, 1991
- 10.000 m: Landesmeeschter 1979, 1980, 1981, 1985, 1990, 1991
- Marathonlaf: Landesmeeschter 1991
- Cross Country: Landesmeeschter 1978, 1979, 1980, 1981, 1982, 1983, 1984, 1985, 1987, 1988, 1989, 1990, 1993
- Eurocross: 1985
- Spiller vun de klenge Länner
- 10.000 m: 1. Plaz 1991
- Hien hält eng Rei vu Landesrekorden:
- 1.500 m: (1980)
- Meil: (1980)
- 2.000 m: (1978)
- 3.000 m: (1982)
- 5.000 m: (1983)
- 10.000 m: an 28:48.9 (1984)
- 20.000 m: an 1 St.00.04.6 (1985)
- Semi-Marathon: (1985)
- 25.000 m: (1987)
- Marathon: (1985)
- 1/2 Stonn: (1978)
- 1 Stonn: 19.970 m (1985)
- (Stand: 30.11.2007, Quell: FLA)
Virdrun | ![]() ![]() |
Duerno |
---|---|---|
Lucien Didier | 1980 | Fonsy Grethen |