Kabespäipel
Kabespäipel | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Kabespäipel (Pieris brassicae) ♀ | |||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Pieris brassicae (Linnaeus, 1758) |
De Kabespäipel (Pieris brassicae) ass e Päiperlek (Dagpäiperlek) aus der Famill vun de Pieridae.
Op Lëtzebuergesch gëtt e Kabespäipel[1] oder Kabesfrësser[1],[2] genannt, op Däitsch Großer Kohlweißling, op Franséisch Piéride du chou an op Englesch Large white.
De Kabespäipel ass wäit verbreet a kënnt heefeg vir tëscht Nordafrika a Fennoskandinavien.
D'Imagines erreechen eng Spanwäit vun de Flilleke vu 60 Millimeter. D'Ecke vun de viischte Flilleke si schwaarz.
-
Pieris brassicae ♂
-
Pieris brassicae ♂ △
-
Pieris brassicae ♀
-
Pieris brassicae ♀ △
Tëscht Mee a Juni leet d'Weibche ronn 100 Eeër a Kludderen op der ënneschter Säit vun der Wiertsplanzen. No ronn zwou Woche kommen do gielzeg-gréng a schwaarz gefleckte Raupen eraus. Dës erniere sech virun allem vu Kabes (Brassica) an anere Kräizbléiegewächser (Brassicaceae), dohier den Numm vum Déier. D'Raup gëtt Kabesmued, -raup oder -schësser genannt. Wa se no 3 bis 4 Wochen eng Längt vu bis zu 40 Millimeter erreecht hunn, verpoppe se sech. D'Hierschtgeneratioun iwwerwantert als Popp.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Tom Tolman, Richard Lewington: Die Tagfalter Europas und Nordwestafrikas, Franckh-Kosmos Verlags-GmbH & Co, Stuttgart 1998, ISBN 3-440-07573-7
- Hans-Josef Weidemann: Tagfalter: beobachten, bestimmen, Naturbuch-Verlag Augsburg 1995, ISBN 3-89440-115-X
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Pieris brassicae – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Lepiforum e. V. Taxonomie a Fotoen
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Klees, Henri, 1981. Luxemburger Tiernamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV. 131 S., Pierre Linden, Lëtzebuerg.
- ↑ Mestdagh X., L'Hoste L. & Titeux N. (editors) 2024. - Butterflies in Luxembourg: distribution, trends and conservation. Ferrantia 90, Musée national d'histoire naturelle, Luxembourg, 287 p. PDF (en)