Op den Inhalt sprangen

Kapell Duelem (Garnech)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kapell Duelem)
Kierch vun Duelem

Uertschaft / Plaz Duelem
Par Par Mess-Réibierg
Sainte-Famille
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Remigius
Konsekratioun 1803
Koordinaten 49° 36’ 05.7’’ N
      05° 56’ 48.6’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell vun Duelem ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Mess-Réibierg Sainte-Famille, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Garnech gehéiert.

Si steet am ieweschten (nërdlechen) Deel vun der Uertschaft op der Kräizung vun der Schoulstrooss (rue de l'École), der Kierchestrooss (rue de l'Église) an der Kierfechtstrooss.

D'Kapell ass dem hellege Remigius geweit, deen den 1. Oktober gefeiert gëtt.

Ronderëm d'Kapell war den ale Kierfecht, vun deem nach e puer Grafsteng erhale sinn.

Geschichtleches

[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem e Feier déi al Parkierch an e puer Haiser zerstéiert hat, gouf no 1790 eng nei gebaut, déi den 13. Oktober 1803 ageseent gouf.

Am Joer 650 goung fir d'éischt Kéier rieds iwwer déi Duelemer Par. Den éischte Paschtouer, iwwer deen et Donnéeë gëtt, ass de Paschtouer Johanns am Joer 1318. Vun 1318 bis den 28. Abrëll 1763 sinn et zu Duelem 23 verschidde Paschtéier ginn, iwwer déi méi oder manner bekannt ass.

Den 29. Abrëll 1763 gouf den Theodor Umscheiden vu Rittersdorf Paschtouer vun Duelem. Zanter dem 13. Juni 1761 war de Johann Wilhelm Bourton do schonn Kaploun. Zu der deemoleger Par Duelem hunn nach Dippech, Schuller a Sprénkeng gehéiert.

An de Jore 1765 a 1766 ass dunn en neit Paschtoueschhaus zu Duelem fir 500 Daler gebaut ginn. Den 12. Mee 1785 ass, héchstwarscheinlech am Paschtoueschhaus, e Feier ausgebrach, dat d'Kierch, d'Schoul, d'Paschtoueschhaus an dat halleft Duerf zerstéiert huet. Den 8. Juli 1785 hunn déi Dippecher Leit eng Petitioun agereecht an där si sech bereet erkläert hunn „ihre Kirche gäntzlich zu übergeben, um eine Pfarrkirch anstatt der verbrennten Dahlemer daraus zu machen“. Well déi Dippecher Kierch hätt misse vergréissert ginn, hätte si nach gär déi 100 Daler gehat, déi scho laang fir d'Restauratioun vun der Duelemer Kierch virgesi waren.

Den 10. Juli 1785 hunn och déi Schuller an déi Sprénkenger hiert Interessen ugemellt; an de selwechten Dag nach hunn déi Duelemer hire Veto ageluecht, well „es sei der Gemächlichkit der Einwohner von Dahlem und dem Gottesdienst höchst nachteilig aus der Ursach, dass das Dorf Dippach schier eine Stunde von Dahlem entlegen ist und dass es den Inwohner sehr beschwert seyn würde, dem gewöhnlichen Gottesdienst, sonderlich in der Winterszeit, wegen der schlechten Wegen beyzuwohnen“. Heemlech hunn déi Duelemer gehofft, datt hir Kierch mat dem Paschtoueschhaus erëm géif opgebaut ginn. Wann trotzdeem eng Decisioun fir Sprénkeng sollt geholl ginn, hu si mat engem Streik gedreet, da géife si „ohne Kirch, ohne Messe und ohne zur Auferziehung der Jugend nothwendige christliche Instruction bleiben“. Si hätten op d'mannst gär eng Kapell an e Kaplounshaus zu Duelem gehat, wou si op e Benefizium um Hellege Kräiz-Altor an der Duelemer Parkierch higewisen hunn, wat ëmmerhi 50-60 Daler am Joer abrénge géif. Déi Duelemer waren zousätzlech bereet, d'Steng fir déi nei Duelemer Kierch opzedreiwen.

Den 23. Juli 1785 huet de Verwalter vun der Reliounskees, Dumont, dohin argumentéiert, datt, fir alle Problemer mat den Zéngthären aus dem Wee ze goen, et virdeelhaft wier, d'Par op Sprénkeng ze verleeën. D'Zéngthäre waren zu där Zäit:

  • zu 4/9 de Paschtouer vun Duelem
  • zu 1/9 d'Landesregierung
  • zu 2/9 d'Abtei U.L. Frau Neu-Münster
  • zu 2/9 d'Klouschtergemeinschaft aus dem Märjendall.

De 14. August 1785, nodeem déi eenzel Dierfer hir Virschléi a Virstellungen zur Léisung vum Kiercheproblem gemaach haten, gouf de spéideren Abt vun der Abtei Neimënster, de Pater Bernard Weis, dee säin Liewensowend zu Garnech an Hengen sollt verbréngen, em seng Meenung gefrot. Seng Äntwert war net onparteiesch, huet hien dach d'Interesse vu senger Abtei vertratt, déi zu 2/9 um Zéngt vun der Par Duelem bedeelegt waren. Seng Iwwerleeung:

  • zu Sprénkeng gëtt et eng nei Kierch, also huele mir déi
  • de Benefizium um Hellege Kräiz-Altor verleeë mer einfach, sou vill bréngt deen och net an.

Obwuel all Positioune bekannt waren, huet de Rotshär d'Olimart den 28. Dezember 1785 nach weider Stellungname verlaangt, déi mer awer net kennen.

Am Januar 1786 huet de President vum Provënzialrot dem Verwalter vun de Klouschtergidder den Optrag ginn, Pläng an en Devis fir e Kaplounshaus an eng kleng Kapell zu Duelem auszeschaffen.

Wéi dunn d'Zéngthären ëm hir Meenung gefrot goufen, hu si gemengt d'Parkierch bréicht een net méi opzebauen, zu Sprénkeng géif et jo eng Auswäichméiglechkeet. E Kaploun zu Duelem wollte si nëmmen dann akzeptéieren, wann déi Duelemer fir säin Ënnerhalt opkéimen a selwer eng Kapell baue géifen.

Dat war net emol ee Joer no deem schlëmme Feier, bei deem dat halleft Duerf zerstéiert gouf an déi meescht Awunner Hab a Gutt verluer haten.

Déi dräi Hl. Kinneken um Haaptaltor
Den Ambo aus Glas

Wat elo koum war e jorelaangt Geraangels a Gestreits ëm eng nei Opdeelung vun der Par a vum Parsëtz. De 7. Juli 1792 ass de Paschtouer Umscheiden zu Dippech gestuerwen, an deem Haus an deem hien zanter der Duelemer Brandkatastroph gewunnt huet. Dat Haus war d'Heemechtshaus vum Petrus Hemmer, deen an der Zäit Paschtouer an der Par Osper war, zu där deemools och nach Iewerleng gehéiert huet.

12 Deeg nom Doud vum Paschtouer Umscheiden, den 19. Juli 1792, ass Sprénkeng eng eegestänneg Par ginn, Dippech gouf bis 1803, Schuller an Duelem bis 1804 vun engem Kaploun matverwalt. De 26. Juni 1793 gouf de Kaploun Bourton, ënner 29 Kandidaten zum neie Paschtouer ernannt. Bis 1804 hat hien den Titel Paschtouer vun Duelem a Sprenkeng.

An der Tëschenzäit, wéini genee léisst sech net feststellen, mä et muss no 1790 gewiescht sinn, hunn déi Duelemer et, héchstwarscheinlech ënner der Regie vum deemolege Kaploun Bourton, dach nach fäerdeg bruecht selwer des Kapell hei opzeriichten, déi den deemolege Garnecher Paschtouer als “einfache, inwendig mit einer gewölbten Bretterdecke versehene, doch recht nette, von den Dorfbewohner erbaute Kapelle“ beschreift. Den 13. Oktober 1803 ass des Kapell vum Kantonalpaschtouer J.B. Hilbert, a Presenz vun de Paschtéier Bourton vun Duelem-Sprenkeng, Fourmann vu Kayl, Winkel vu Leideleng, Petrus Knepper vu Bauschelt (gebierteg hei vun Duelem an hei virun der Kapell begruewen) feierlech ageseent ginn.

Zu där Zäit stoung héchstwarscheinlech schonn de monumentale Barockaltor do, deen eigentlech vill ze pompös fir déi dach bescheide Kapell ass; bedenkt een dann nach déi Zäit an där d'Kapell gebaut ginn ass: ongeféier 10 Joer no der Brandkatastroph a kuerz no der franséischer Revolutioun. Jorelaang ass, no enger mëndlecher Iwwerliwwerung am Duerf, gegleeft ginn, e géif aus dem fréieren Dominikanerklouschter aus dem Mariendall kommen. Den Historiker Jean Schmit schreift awer an engem Artikel iwwer d'Kierch vun Iewerleng: „Am 19. Januar 1756, (also praktesch virun 250 Joer), wurde vom Bischof von Trier eine Kapelle des Schlossherrn von Everlingen, Joachim d'Elèvemont, und ein Altar zu Ehren der Gottesmutter konsekriert. In den Altar kamen Reliquien der Trierer Märtyrer. Das Kirchweihfest wurde auf den Tag der Hl 3 Könige gelegt. Dieser Altar steht heute in der Kirche von Dahlem bei Garnich“, wou mer dann och nees bei der Verbindung zu der deemoleger Par Osper sinn, wou zanter 1754 den Dippecher Petrus Hemmer Paschtouer ass, an an deem sengem Heemechtshaus de Paschtouer Umscheide gewunnt huet. Déi Kapell vun Iewerleng, vun där hei rieds ass, ass déi haiteg Parkierch, déi no 1770 huet misse vergréissert ginn, well spéider Iewerleng mat Schandel eng eegestänneg Par gouf.

No dem Konkordat vun 1801 ass sech Gedanken iwwer eng Neiopdeelung vun de Pare gemaach ginn. Nodeem verschidde Virschléi gemaach a refuséiert goufen, koum et den 30. September 1807 zu enger definitiver Léisung:

  • Dippech gouf mat Betteng eng Par. 1827 goufen Dippech a Betteng eegestänneg.
  • Schuller an Sprénkeng blouwen zesummen. Eréischt den 20. November 1884 gouf Schuller Parsëtz
  • Duelem koum bei d'Par Garnech, déi dunn aus den Dierfer Garnech, Duelem, Koler, Héiweng a Klengbéiweng bestanen huet. De 24. Mee 1843 ass Koler eng eegestänneg Par ginn, well de Wee iwwer de Reebierg fir d'Awunner ze beschwéierlech war. 1885 koum Groussbéiweng dobäi, dat bis dunn zur Par Uewerkäerjeng gehéiert huet.

Am Laf vun den nächste Joerhonnerte sinn nach reegelméisseg Aarbechten un der Kapell gemaach ginn, sou gouf beispillsweis uganks des 20. Joerhonnert de verwëllefte Plaffong duerch e riichten ersat. 1999 war et op Initiativ vun der Gemengeverwaltung, déi beméit ass all Kierchen an der Gemeng an engem gudden Zoustand ze hunn, wou déi gréissten Aarbechten an der Duelemer Kapell, zanter hirem Bau, sollte geplangt ginn. Hir ass et ze verdanken datt haut de ganzen Interieur, wéi Plaffong, Verbotz, Elektresch a Buedem nei sinn. Ouni hire finanzielle Bäitrag, mä och deem vu villen Awunner, hätt d'Kierchefabréck et net fäerdeg bruecht de Barockaltor mat all de Statuen ze restauréieren an nei ze polychroméieren, souwéi déi nei Bänken unzeschafen. Der grousser Mataarbecht vum fréiere Parverwalter Jean Ehret ass et ze verdanken datt den Ady Deville de beandrockenden Altor an Ambo geschaaft huet.

Kapell vu bannen

[änneren | Quelltext änneren]

Bannena steet e barocken Héichaltor aus der Mëtt vum 18. Joerhonnert, deen aus der Schlasskapell vun Iewerleng staamt.

Den Altor an d'Kapell goufen tëscht 2000 an 2005 renovéiert. Du koumen och en neien Altor an en neien Ambo aus Glas, an d'Kapell stoen.

Commons: Kapell Duelem (Garnech) – Biller, Videoen oder Audiodateien