Kapell Suewelbuer

Vu Wikipedia
Kapell vu Suewelbuer
Kapell vu Suewelbuer (2014)

Kapell vu Suewelbuer (2014)
Kapell vu Suewelbuer (2014)
Uertschaft / Plaz Suewelbuer
Par Mëllerdall
Saint-Michel
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Albinus
Koordinaten 49° 48’ 41.7’’ N
      06° 15’ 12.8’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell zu Suewelbuer ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Ärenzdall gehéiert.

De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Albinus, deem säi Fest den 1. Mäerz gefeiert gëtt.

D'Kapell steet an der Strooss fir op Haler, dem CR358. De 5. Februar 2021 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur Par Miedernach gehéieren ausser der Kapell vu Suewelbuer och nach d'Parkierch vu Miedernach an d'Filialkierch vun Iermsdref.

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

An där klenger Kapell vu Suewelbuer stinn 2 Altär. Op dem enge sti Statue vun der Muttergottes, dem hellege Quirinus (riets) an dem Hl. Albinus (mat engem Ochs, hien ass de Patréiner géint Krankheete beim Véi) souwéi e Bild vum Poopst Leo XIII.

Deen aneren ass e Billeraltor vum Ufank vum 17. Joerhonnert, mat Biller vun der Muttergottes, der Grablegung, dem Johannes dem Deefer, dem Franz vun Assisi, den hl. Barbara a Katharina.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • De Buet: Duerfgazettche vu Miedernach. - N° 37(1996), S. 44-46, D'Kapellche vu Suewelbuer Jean-Paul Flies, Monique Flies.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Suewelbuer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).