Kierch Miedernach

Vu Wikipedia
Kierch vu Miedernach
D'Kierch vu Miedernach 2016

D'Kierch vu Miedernach 2016
D'Kierch vu Miedernach 2016
Uertschaft / Plaz Miedernach
Par Mëllerdall
Saint-Michel
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Péiter a Paul
Koordinaten 49° 48’ 34.1’’ N
      06° 13’ 05.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Miedernach ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Ärenzdall gehéiert.

D'Patréiner sinn déi helleg Péiter a Paul,[1] als Niewepatréiner figuréiert den hellegen Haupert deem seng Statu iwwer dem Entréesportal steet..

Zur fréierer Par Miedernach hunn ausser der Parkierch vu Miedernach och nach d'Filialkierch vun Iermsdref an d'Kapell vu Suewelbuer gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch gouf 1805[2] an neo-romanescher Architektur zu Miedernach gebaut.

Vun historeschem Intressi ass virun allem den Altor aus dem Joer 1712, deen aus der fréierer Franziskanerkierch vun Dikrech hierkoum. Dës gëtt et haut net méi, si stoung op der Kluuschter-Plaz. Och de Buffet vun der Uergel, déi 2004 nei agebaut gouf, ass aus der selwechter Kierch.[3]

De 7. Mee 2004 gouf d'Kierch mat dem historesche Mobiliar op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[4]

Mobiliar[änneren | Quelltext änneren]

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Miedernach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Medernach op cathol.lu Archivéiert op 2013-07-13. Gekuckt de(n) 2012-08-24.
  2. Geschicht vun der Par Miedernach
  3. "L'église néo-romane de Medernach", op medernach.info
  4. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).