Op den Inhalt sprangen

Karel vun Éisträich-Teschen

Vu Wikipedia
Karel vun Éisträich-Teschen
Gebuertsnumm Carl Ludwig Johann Joseph Laurentius von Österreich pp
Gebuer 5. September 1771
Florenz
Gestuerwen 30. Abrëll 1847
Wien
Nationalitéit Keesertum Éisträich
Aktivitéit Offizéier, Militär
Famill
Papp Leopold II.
Geschwëster Franz II. (HRR)

De Karl-Ludwig vun Habsburg-Loutrengen, spéider Karel vun Éisträich-Teschen, gebuer de 5. September 1771 zu Florenz a gestuerwen den 30. Abrëll 1847 zu Wien, war den drëtte Jong vum Keeser Leopold II., deen och Herzog vu Lëtzebuerg war. Säin eelste Brudder, de Franz I. vun Éisträich, war als Franz II. dee leschte Keeser vum Hellege Réimesche Räich Däitscher Natioun.

Wärend der Brabanter Revolutioun gouf den Erzherzog Karl-Ludwig, am November 1790, als Grand-duc héréditaire de la Belgique vum Souveräne Kongress vun de Vereenegten nidderlännesche Staaten zu Bréissel gewielt.

Och wann dës Wal schliisslech net konnt verhënneren, datt d'Éisträicher, ënner dem Feldmarschall von Bender, vu Lëtzebuerg aus, déi opstännesch Géigenden zeréckeruewert hunn, ass dës Épisode e wichtege Meilesteen an der geschichtlecher Ëntwécklung vum belsche Raum. D'Belsch ass als Staat zwar réischt 1830, duerch d'Belsch Revolutioun ëntstanen, mä d'Saach hat eng laang Virgeschicht.

Tëscht 1801 an 1805 war de Karl-Ludwig Groussmeeschter ("Hochmeister") vum Däitsche Ritteruerden (chevaliers teutoniques).

1815 huet hie sech mat der Prinzessin Henriette Alexandrine vun Nassau-Weilburg (1797-1829) bestuet an d'Koppel krut siwe Kanner.

1822 huet hien d'Herzogtum Teschen geierft a war dunn och 'Herzog vun Teschen.

Trotz enger Tendenz zur Epilepsie huet hien, dee ganz beléift war, d'éisträichesch Arméi kommandéiert a souguer reforméiert.

De Karel vun Éisträich-Teschen gouf an der Kapuzinergruft zu Wien begruewen. An 1860 gouf e mat engem Denkmal um Heldenplatz zu Wien geéiert.

  • Hervé Douxchamps, Le grand-duc de la Belgique; in: Le Parchemin - Bulletin bimestriel édité par l'Office généalogique et héraldique de Belgique; 58. Joer (Bréissel, Juli-August 1993), Nr. 286; Ss. 218-235 (ill.).
  • Henri Pirenne & Jérôme Vercruysse, Les États Belgiques Unis. Histoire de la révolution belge [sic] de 1789-1790; Paräis & Louvain-la-Neuve (Duculot), 1992.
  • (Kollektiv, ënner der Leedung vun der Mme A. Smolar-Meynart, Sous l'arbre de la Liberté - L'esprit révolutionnaire et l'esprit patriotique Belgiques 1789-1830; Buch a Katalog zu enger Ausstellung an der Maison du Roi (September-Dezember 1980) zu Bréissel, am Kader vun der Commémoratioun vum 150. Anniversaire vun der Belscher Revolutioun; Bréissel, 1980.
  • Edouard M. Kayser, Du Grand-Duché de Belgique mort-né [1790] au Grand-Duché de Luxembourg partagé [1839] - Aspects méconnus du passé belgo-luxembourgeois de la fin de l'Ancien Régime au milieu du XIXe siècle; in: récré, n° 10 (Dikrech, 1994), Ss. 169-188 (ill.).
  • Gilbert Trausch, Les Habsbourg, incarnation de l'Empire au Luxembourg à la fin du XVIIIe siècle: fidélité dynastique et manque de conscience impériale; in: Études sur le XVIIIe siècle, Bd. XV (1988), Bréissel (ULB); Ss. 133-148.
  • Klaus Militzer, Die Geschichte des Deutschen Ordens; Stuttgart (Kohlhammer), 2005.