Kierch Éiter
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Éiter | |||
Par | Par Iewescht Syr Saint-Esprit | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Hellege Mäerten | |||
Konsekratioun | 1902 | |||
Proprietär | Kierchefong[1] | |||
Koordinaten | 49° 35’ 576.7’’ N 06° 15’ 36’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Mäerteskierch zu Éiter ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Iewescht Syr Saint-Esprit, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Conter gehéiert.
De Patréiner ass den hellege Mäerten, deem säi Fest den 11. November gefeiert gëtt.
Si steet am südlechen Deel vun der Uertschaft un der Mutferter Strooss, dem CR132. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Zur fréierer Par Éiter gehéiert och nach d'Uertschaft Schraasseg. déi awer selwer keng Kierch oder Kapell huet.
D'Kierch vun Éiter gouf den 2. Mäerz 2018 op d'Lëscht vun de klasséierten nationale Monumenter agedroen.[2]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Déi aktuell Kierch ass tëscht 1757 a 1759 gebaut ginn an huet eng kleng Kierch ersat, déi et scho virdrun zu Éiter ginn ass. 1900 ass se vergréissert ginn (Chouer) an 1902 ass den Tuerm gebaut ginn. Den 31. Mee 1902 ass se konsekréiert ginn.
De 26. Mäerz 1963 ass de Blëtz an de Kierchtuerm ageschloen.
D'Klacke vun der Kierch
[änneren | Quelltext änneren]Déi eelst Klack gouf am Joer 1803 zu Saarburg vu Mabilon gegoss a war 90 kg schwéier.
Den 11. Mee 1884 gouf se duerch zwou nei Klacken ersat, déi vun der Klackegéisserei Causard vu Colmar (Elsass) gegoss goufen. Déi grouss weit 8 Zenner an ass dem hellege Bartholomäus geweit, dem Patréiner vun der Par, an déi kleng 6 Zenner an ass der Helleger Maria geweit.
Op Initiativ vum Paschtouer Staud koum nach eng dobäi déi duerch Spende vun de Parmembre finanzéiert gouf. Déi 15 Zenner schwéier Klack gouf vun der Firma Ruetsch A.G. aus Aarau (Schwäiz) gegoss. Den 18. Mee 1947 ass se geweit ginn.
1948 ass nach eng véiert Klack derbäikomm.
Banneraum
[änneren | Quelltext änneren]D'Holztäfelung staamt aus dem Joer 1931 an ass vum Sculpteur Michael Jungblut vu Réimech gemaach ginn. Se stellt d'Bild vu groussen Hellegen an déi siwe Sakramenter duer.
Tëscht de Joren 1962 bis 1972 sinn ënner dem Paschtouer Norbert Relles gréisser Aarbechten un der Kierch gemaach ginn:
1963: Nei Sakristei
1964: Nei Beliichtung
1965: Neie Buedem aus Sollenhofener Platten dee grad wéi d'Marbertrëtt vun der Firma Bertrand vu Mënsbech geluecht goufen.
1966: Nei Kierchefënstere vum Franz Gillen
1966-1968: Renovéierung vum Haaptaltor a vun den Niewenaltär
Nodeem se vum Här Jungblut vu Réimech renovéiert gi waren, goufen d'Opsätz vun den Niewenaltär am November 1966 nees op hir Plaz gesat.
1967: Renovéierung vum Haaptaltor. Eng nei sculptéiert Muttergottesstatu an de Kräizwee stame vum Émile Hulten aus Esch-Uelzecht. Am selwechte Joer gouf och en neie Beichtstull opgestallt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Éiter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Nei Par Sektor Ost
- D'Fënstere vun der Kierch vun Éiter op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu