Kierch Bollenduerfer Bréck

Vu Wikipedia
Kierch op der
Bollenduerfer Bréck
Filialkierch vun der Bollenduerfer Bréck (2015)

Filialkierch vun der Bollenduerfer Bréck (2015)
Filialkierch vun der Bollenduerfer Bréck (2015)
Uertschaft / Plaz Bollenduerfer Bréck
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Dekanat Osten
Konsekratioun 1954
Architekt(en) Constant Gillardin
Baujoer 1953
Proprietär Gemeng Bäerdref[1]
Koordinaten 49° 50’ 59.2’’ N
      06° 21’ 49.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch op der Bollenduerfer Bréck ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Bäerdref gehéiert.

D'Kierch ass Mariä Himmelfaart geweit. D'Fest gëtt de 15. August gefeiert. Den zweete Patréiner ass den hellege Willibrord.

Se steet op der Dikrecher Strooss, der N10. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Bäerdref gehéiert ausser der Kierch vun der Bollenduerfer Bréck och nach d'Parkierch vu Bäerdref.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 22. November 1951 gouf vum Gemengerot vu Bäerdref eestëmmeg beschloss, op der Bollenduerfer Bréck eng Kierch no de Pläng vum Constant Gillardin ze bauen. De Grondstee gouf den 11. Abrëll 1952 a Presenz vum Bëschof-Koadjutor Léon Lommel geluecht an den 3. Mee 1953 goufe vum Iechternacher Dechen Ernest Biermann dräi Klacke geweit, déi aus der Iechternacher Kierch gestaamt hunn an do iwwerflësseg gi waren.

D'Konsekratioun vun der Kierch gouf op Ouschterméindeg, den 19. Abrëll 1954, vum Bëschof-Koadjutor Leo Lommel gemaach.

De Gesamtkäschtepunkt fir de Kierchebau inklusiv d'Miwwelen, d'Klacken, den Harmonium an d'Amenagement vum Kierfecht louch bei 3.792.654 Frang.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai ass parallel zu der Strooss gebaut; de Klackentuerm steet eleng, e puer Meter nieft der Entrée, mat där en duerch eng iwwerdaacht Galerie verbonnen ass. D'Gebai ass ganz sober ageriicht; just eng monochrom Wandzeechnung (Sgraffito) vum Ben Heyart am Chouer, déi d'Maria Himmelfaart duerstellt, ass op de soss wäisse Wänn ze gesinn. Den Altor, den Tabernakel an den Dafstee sinn och vum Constant Gillardin entworf.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Bollenduerfer Bréck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gesetz iwwer d'Gestioun vun de reliéise Gebaier
  2. Alex Langini: "Eglise de Bollendorf-Pont." in: Centenaire. Administration des bâtiments publics Luxembourg [sous la direction de Jean Leyder]. Luxembourg 2010, ISBN 978-99959-680-0-7.