Kierch Konstem
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vun Konstem (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Konstem | |||
Par | Parc Our Saint-Nicolas | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Maximäin | |||
Konsekratioun | 1950 | |||
Baujoer | 1949 | |||
Koordinaten | 49° 58’ 27.7’’ N 06° 03’ 08.8’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Konstem ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Parc Housen gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Maximäin, deem säi Fest den 29. Mee gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellegen Albinus, deem säi Fest den 1. Mäerz gefeiert gëtt.
D'Kierch steet an der rue Knupp, dem CR322, nieft dem fréiere Gemengenhaus. Op där anerer Säit vun der Strooss gouf an de Joren 1955-56 eng grouss Lourdesgrott gebaut, déi den 2. Dezember 1956 vum Deche vu Veianen Theodor Lesch ageseent gouf.
Zur fréierer Par Konstem gehéiert ausser der Parkierch vu Konstem och nach d'Filialkierch vun Holztem.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt Kierch vu Konstem, déi an Dokumenter ernimmt gëtt, huet aus engem Chouer ouni Tuerm an aus engem einfache Schëff bestan, dat op der Nordsäit keng Fënsteren hat. Eréischt am Joer 1431 gouf en Tuerm un d'Kierch ugebaut. 1747 gouf un d'Westsäit vum Tuerm en neit Schëff gebaut well dat alt verfall war. Géint Enn vum 19. Joerhonnert war dëst Schëff och nees baufälleg ginn an dofir gouf 1879-80 en neit Schëff un d'Ostsäit vum Tuerm gebaut. Dës Kierch gouf den 22. Mee 1885 vum Bëschof Jean-Joseph Koppes konsekréiert. 1893 krut den Tuerm en neien Helm.
Am zweete Weltkrich gouf den Tuerm vun der däitscher Besatzung als Wuechttuerm benotzt. Dofir gouf wärend der Ardennenoffensiv de 15. Januar 1945 den Tuerm vun der amerikanescher Artillerie beschoss an den Tuerm an en Deel vun der Kierch zerstéiert. Nom Krich gouf de 15. Juli 1945 vum Paschtouer eng Ëmfro ënner den Awunner vum Duerf gemaach an dobäi hunn iwwer 75 % fir en Neibau vun enger Kierch an der Mëtt vum Duerf gestëmmt, amplaz déi al Kierch ze renovéieren, déi baussent dem Duerf stoung. Déi beschiedegt Kierch gouf am Januar 1948 ofgerappt. Déi nach brauchbar Deeler vun den Altär goufen un d'Kierch vun Housen verkaaft.
Den 1. Oktober 1948 gouf vum Entreprener Jos. Frank-Gehlen aus Lëtzebuerg de Neibau ugefaangen. De 14. November gouf de Grondstee geluecht an am Mee 1949 war de Réibau vun der Kierch fäerdeg. Un d'Kierch ugebaut war och en neit Paschtoueschhaus.
Déi nei Kierch gouf den 23. Mäerz 1950 vum deemolege Bëschof-Koadjutor Léon Lommel konsekréiert.
D'Uergel
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt Uergel gouf am Joer 1934 ënner dem Paschtouer Alfred Mille installéiert. Nodeem déi al Kierch 1948 ofgerappt gi war, gouf déi beschiedegt Uergel an engem Schapp versuergt.
Den 23. Mäerz 1952 ass d'Uergel, déi vum Jos. Schilling vu Kruuchten renovéiert an erweidert gouf, vum Deche vu Veianen ageweit ginn. Am Joer 1983 huet d'Uergel nees misse renovéiert ginn an ass bei där Geleeënheet och nach erweidert ginn. D'Aarbechte goufe vum Jean Gomrée vu Sainte-Marie sur Semois bei Arel gemaach an de 17. Juli 1983 vum Paschtouer Jean Poos ageweit.
Eng weider Renovéierung a Verbesserung vun der Uergel gouf am Januar a Februar 1999 vun der Firma Westenfelder vu Lëntgen gemaach.
Klacken
[änneren | Quelltext änneren]An der Kierch vu Konstem hänken zwou Klacken:
- Grouss Klack: Duerchmiesser 96 cm, Héicht 60 cm, Gewiicht zirka 600 kg, 1733 vum Edmund Pipin zu Collen (Köln) gegoss
- Kleng Klack (Maximäinklack): Duerchmiesser 88 cm, Héicht 61 cm, Gewiicht zirka 420 kg, 1888 vum Johannes Mabilon a Wilhelm Hausen zu Saarburg gegoss.
Paschtéier vun der Par Konstem
[änneren | Quelltext änneren]- 1733 - 1771 Johannes Quirinus Bruno Koentgen
- 1771 - 1779 Franz Johann Schlim
- 1779 - 1791 Michel Paul Fautsch
- 1791 - 1792 Nikolaus Pauly
- 1792 - 1795 Johann Baptist Bockholtz
- 1795 - 1806 Johann Baptist Backes
- 1806 - 1830 Nikolaus Theis
- 1830 - 1849 Mathias Kneip
- 1849 - 1856 Anton Leonard
- 1856 - 1887 Peter Kaesch
- 1887 - 1890 Johann Dentzer
- 1890 - 1913 Vinzens Meyers
- 1913 - 1919 Leopold Nikolaus Ludwig
- 1919 - 1931 Peter Keiser
- 1931 - 1936 Alfred Mille
- 1936 - 1960 Franz Kipgen
- 1960 - 1961 Pierre Stephany
- 1961 - 1967 Jean Molitor
- 1967 - 1974 Nicolas Armand Huberty
- 1974 - 1981 Marcel Schaeffer
- 1981 - 2013 Jean Poos
- 1981 - 2013 Isidore Morn
- 1990 - 1991 Joseph Matgen
- 2013 - Carlos R. Arnold
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Edmond Faber, 2013: Wissenswertes aus der Pfarrei Consthum-Holzthum, Impr. Saint-Paul, 424 S.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Konstem – Biller, Videoen oder Audiodateien |