Lëtzebuerger zu Chicago

Vu Wikipedia

D'Lëtzebuerger zu Chicago ass eng ethnesch Grupp an der Regioun vu Chicago[1] an de Vereenegte Staate vun Amerika.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Lëtzebuerger, déi op Chicago koumen, sinn entweeder 1842[2] oder 1846[3] laanscht d'"Ridge Road" immigréiert[4], déi deemools just nërdlech vu Chicago war. Kuerz no deem grousse Brand vu Chicago am Oktober 1871 hu Parmembere vun der "St. Michael's Church" zu Chicago déi éischt lëtzebuergesch-amerikanesch Organisatioun an den USA gegrënnt, de Luxemburger Unterstützungsverein[3]. Aner Organisatiounen, wéi d'Luxembourg Brotherhood, goufen duerno gegrënnt. Vill Lëtzebuerger ware Réimesch Katholicken, an déi éischt initial Well vun Immigranten huet nieft den Däitschen op Plaze wéi der Alstad gelieft, huet awer méi spéit probéiert, sech vun den Däitschen z'ënnerscheeden[5]. Nom Feier si si méi nërdlech a Gebidder wéi "Rogers Park" geplënnert. Am Joer 1880 gouf et ongeféier 500-700 Lëtzebuerger zu Chicago[6] a bis 1900 war déi Zuel op ongeféier 16.000 geklommen[7]. D'Majoritéit vun den Immigrante koum aus dem Muselgebitt[8], dat un Däitschland grenzt.

"Zäre Leit"[9][änneren | Quelltext änneren]

Liwwerween vun 'Angel Guardian Florist' mam Weesenhaus 'Angel Guardian Orphanage' am Hannergrond op der 2001 Devon Avenue.

Vill Lëtzebuerger waren deemools mam Ubau vu Planzen an Zäre beschäftegt, esou vill datt bis 1910 déi meescht vun den 100 Zären zu Chicago Lëtzebuergeschen Amerikaner gehéiert hunn[10][11][12]. E puer sinn nach bis haut a Betrib[13].

Kulturell Institutiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • d'Kierch vum hellege Gregor de Groussen (Gregor I.)[14], déi 1904 gegrënnt gouf
  • d'Kierch St. Michael[15]
  • D'Weesenhaus "Angel Guardian Orphanage", dat 1975 zougemaach gouf an en Deel vu sengem Land dem "Misericordia Home" ginn huet
Schueberfouer zu Rogers Park, Chicago, 1907
Gruppefoto vum "Luxembourg Brotherhood" vu Chicago am Joer 1935
  • D'"Luxembourg Brotherhood of America" organiséiert all Joer folgend Eventer:
  1. Eng järlech Mass fir d'Muttergottes, Patréinesch vu Lëtzebuerg ze feieren.
  2. Biwwelamoud-Dinner am Fréijoer.
  3. Nationalkongress vum Veräin am Mee.
  4. De Schobermesse / Nationalfeierdag am Juni[16][17][18][19][20], baséiert op der Schueberfouer, déi 1340 vum Jang de Blannen zu Lëtzebuerg gegrënnt gouf.
  • D'Luxemburger Zeitung, méli spéit als Luxembourg Weekly bekannt, huet 1899 zu Chicago ugefaangen, mat engem nationalen Abonnement per Post vun 1902 un. Se gëtt nach ëmmer publizéiert, ënner dem Numm "Luxembourg News of America"[21].

Prominent Leit[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lëtzebuerger Diaspora an den USA – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "LUXEMBOURG LOVES U.S.; SENDS DUKE TO SAY SO" an der "The New York Times" vum 12. November 1984
  2. Luxembourgers op www.encyclopedia.chicagohistory.org
  3. 3,0 3,1 Luxembourg's history: Luxembourgish immigration to Chicago op rtl.lu
  4. Buch vum Roger Krieps: Luxembourgers in America, 2013, ISBN 1491080744, S.58-59
  5. The Luxembourg trail in America's Midwest op luxtimes.lu
  6. Buch vum Roger Krieps: Luxembourgers in America, 2013, ISBN 1491080744, S.60
  7. Luxembourg and NATO - 1949 NATO
  8. Buch vum Roger Krieps: Luxembourgers in America, 2013, ISBN 1491080744, S.62
  9. The Luxembourgers who left for America op luxtimes.lu
  10. "The Luxembourg trail in America's Midwest". Luxembourg Times (op Englesch). 2018-02-07. Retrieved 2023-03-06.
  11. Chicago Buch vum Cutler Irving, 1973, SIU Press, ISBN=978-0-8093-8795-3
  12. "Edgewater Historical Society Explores How Luxembourgers Shaped Chicago". Rogers Park/West Ridge Historical Society (op Englesch). 2019-06-26. Retrieved 2023-03-09.
  13. Moore, Taylor (2019-07-31): Glass house people op Chicago Reader
  14. "St. Gregory the Great Church". MARY, MOTHER OF GOD PARISH (op Englesch). Retrieved 2023-03-09.
  15. "Cardinal of Luxembourg to celebrate mass at St. Michael Church". st-mikes.org. Retrieved 24 September 2023.
  16. "Luxemburger Volksfest – Beten & Bofferding - So lief die «Fouer» in Chicago". L'essentiel (op Däitsch). 2015-08-26. Retrieved 2023-03-03.
  17. 1948 - Schobermesse Chicago Tribune, 3. Sept. 1948, Säit 27
  18. "Zender Rogers Park Ebert's Grove Luxembourg - Newspapers.com". Chicago Tribune (op Englesch). Retrieved 2023-03-03.
  19. Yumpu.com. "Luxemburger Schobermesse - Luxembourg American Heritage ..." yumpu.com (op Englesch). Retrieved 2023-03-03.
  20. "1941 - Schobermesse article - Newspapers.com". Chicago Tribune (op Englesch). Retrieved 2023-03-03.
  21. 21,0 21,1 21,2 "Luxembourgers in America (European Reading Room, Library of Congress)". www.loc.gov. Retrieved 2023-03-06.