Lamorménil

Vu Wikipedia
Lamorménil
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Marche-en-Famenne
Gemeng Manhay
Koordinaten 50° 15’ 17.10’’ N
      05° 38’ 13.26’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6706

Lamorménil och Lamôrmenil oder Lamormenil [1] ass eng Uertschaft an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Bis zu de belsche Gemengefusioune vun 1977 war Lamorménil eng Sektioun vun der fréierer Gemeng Dochamps.

Lamorménil läit um Westhank vun enger 540 Meter héijer Kopp, tëscht der Aisne am Norden an hiren zwou Niewebaachen der Lue am Süden an am Westen souwéi dem Ruisseau du Pont d'Ayneu am Osten.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Grad wéi déi fréier Gemeng Dochamps huet Lamormenil an der Feodalzäit zur Seigneurie vu Montaigu am Quartier Marche gehéiert.

Bekannt Persounen[änneren | Quelltext änneren]

De Guillaume Germai (1570-1648) a säi Brudder Henri (1576-1647) allen zwéi Jesuitepateren sinn zu Lamorménil op d'Welt komm. Eng Plack um Parvis vun der Kierch zu Dochamps erënnert un déi zwéi Bridder.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

D'Jousefskapell vun 1933 ass e Gebai am neo-romanesche Stil dat no der Traditioun vum Condroz a vun de belschen Ardennen aus Sandsteng a bloe Steng gebaut gouf. Vis-à-vis vun der Kapell steet e Weekräiz dat un déi zwéi Germai-Bridder erënnert.

Am Duerf gëtt et nach puer Häff aus dem 19. Joerhonnert déi mat Sandsteemollonge gebaut sinn an deelweis mat Schierbele gedeckt sinn. Zwéi Schieferträch erënneren un d'landwirtschaftlech Aktivitéit vum Duerf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lamorménil – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Atlas des Cours d'eau non navigables, GIGALE