Léon Lippmann

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Leo Lippmann)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Léon (oder Leo) Lippmann, gebuer den 1. Mäerz 1808 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 11. November 1883 zu Amsterdam, war en Eisebunnsmanager a Banquier.

Als Jong vum Jonas Lippmann huet hie fir d'éischt als Reesender vu sengem Papp senger Händschefabréck geschafft. Méi spéit gouf en Direkter vu verschiddenen hollänneschen Eisebunnsgesellschaften. 1858 huet hien zu Amsterdam eng Bank, d' Bank Lippmann, Rosenthal & Cie, matgegrënnt. Hie gouf och do Lëtzebuerger Konsul.

Hie war de Brudder vum Isaï Lippmann. Hien ass um ale jiddesche Kierfecht a Clausen begruewen.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Familljegraf Lippmann um ale jiddesche Kierfecht zu Clausen.

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]