Lew Sinowjewitsch Kopelew

Vu Wikipedia
Lew Sinowjewitsch Kopelew
Gebuertsnumm Лев Залманович Копелев
Gebuer 27. Mäerz 1912 jul.
Kyjiw
Gestuerwen 18. Juni 1997
Köln
Nationalitéit Russescht Keeserräich, Sowjetunioun, Russland
Educatioun Universitéit vu Köln
Aktivitéit Esperantist, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Literaturkritiker, Biograph, Literaturhistoriker, Publizist, Militär
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun

De Lew Sinowjewitsch Kopelew (ru: Лев Зиновьевич Копелев), gebuer de 27. Mäerzjul./ 9. Abrëll 1912greg. zu Kiew a gestuerwen den 18. Juni 1997 zu Köln, war e russesche Germanist, Schrëftsteller an Humanist.

De Lew Koplew huet vun 1933 bis 1938 Germanistik, Geschicht a Philosophie studéiert a gouf no senger Promotioun (Doktor) Unis-Dozent. Am Zweete Weltkrich hat hie sech fräiwëlleg an d'Rout Arméi gemellt. Am Januar 1945 gouf en Zeien, wéi russesch Zaldoten sech an Ostpreisen vis-à-vis vun däitschen Zivilisten onmënschlech beholl hunn. Wéi en dogéint protestéiert hat, krut en eng Plainte vum militäresche Geheimdéngscht SMERSCH a gouf wéinst "Matleed mam Feind an Demoraliséierung vun der politesch-moralesche Haltung vun der Trupp" zu 10 Joer Gulag verurteelt. Do huet hien ë. a. den Alexander Solschenizyn kennegeléiert. 1954 koum e fräi a gouf duerno rehabilitéiert. Hie konntals Literaturwëssenschaftler a Germanist schaffen a publizéieren; an huet vun 1961 bis 1968 um Moskauer Institut fir Konschtgeschicht geschafft. An där Zäit huet hien eng Bertolt-Brecht-Biographie an eng Geschicht vun der däitschsproocheger Theaterwëssenschaft geschriwwen.

Zënter der Mëtt vun den 1960er Joren huet hie sech ëmmer méi fir Dissidenten wéi den Andrei Sacharow an den Alexander Solschenizyn agesat. Wéi sowjetesch Truppen am August 1968 d'Prager Fréijoer ermëlzt hunn, fir dat hie sech staark engagéiert hat, huet hie fir zeguttst mam Kommunismus gebrach. D'Regime huet domat reagéiert, datt et en aus der KPUdSSR erausgehäit huet, him verbueden huet, ze schreiwen an ze publizéieren, an em seng Plaz um Institut fir Konschtgeschicht gekënnegt huet.

1980 gouf e mat senger Fra vum Heinrich Böll an der Marion Gräfin Dönhoff op eng Studierees an Däitschland invitéiert. Wéi e bis do war, krut e seng Staatsbiergerschaft ewechgeholl, sou datt en net méi an d'Sowjetunioun hannescht konnt an an Däitschland huet missen am Exil bleiwen.

An Däitschland huet hie sech dofir agesat, datt Däitschland a Russland sech nees verdroe sollten, an - iwwer propagandistesch Clichéen ewech - besser iwwerenee Bescheed wësse sollten. Hien huet an den 1980er Joren och der polnescher Oppositiounsbeweegung gehollef.

Am Kader vum Gorbatschow senger Perestroika krut de Kopelew 1989 fir säi 77. Gebuertsdag d'Autorisatioun, op Moskau ze reesen, wou en ë. a. al Frënn besicht huet. Duerno goung en nees zeréck an Däitschland, fir do mat senger Aarbecht un der Reconciliatioun vun deenen zwee Länner virunzefueren. Hien ass den 18. Juni 1997 zu Köln gestuerwen. Seng Äsche goufen zu Moskau um Donskoi-Kierecht nieft deene vu senger Fra Raissa Orlowa begruewen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Brecht (1966), (Брехт)
  • Zwei Epochen deutsch-russischer Literaturbeziehungen (1971)
  • Verwandt und verfremdet. Essays zur Literatur der Bundesrepublik und der DDR (1976)
  • Verbietet die Verbote! In Moskau auf der Suche nach Wahrheit. Vorwort Max Frisch (1977)
  • Aufbewahren für alle Zeit! Nachwort von Heinrich Böll (Autobiographie Deel 2) (1976), Хранить вечно
  • Und schuf mir einen Götzen (Autobiographie Deel 1) (1979), И сотворил себе кумира.
  • Tröste meine Trauer (Autobiographie Deel 3) (1981), Утоли моя печали
  • Ein Dichter kam vom Rhein. Heinrich Heines Leben und Leiden. (1981)
  • Kinder und Stiefkinder der Revolution. Unersonnene Geschichten (1983)
  • Der Heilige Doktor Fjodor Petrowitsch – Die Geschichte des Friedrich Joseph Haass (1984)
  • Im Willen zur Wahrheit. Analysen und Einsprüche. Vorwort von Gerd Ruge (1984)
  • Worte werden Brücken. Aufsätze, Vorträge Gespräche 1980–1985. (1985)
  • Der Wind weht, wo er will. Gedanken über Dichter. Mat engem Postface vum Werner Keller (1988)
  • Und dennoch hoffen. Texte der deutschen Jahre (1991)
  • Waffe Wort (1991)
  • Laudationes (1993)
  • Russland, eine schwierige Heimat (1995)

Zesumme mat senger Fra Raissa Orlowa:

  • Boris Pasternak. „Bild der Welt im Wort“ (1986)
  • Wir lebten in Moskau (1987), Мы жили в Москве (1)
  • Zeitgenossen, Meister, Freunde. Mat enger Préface vum Klaus Bednarz (1989), Мы жили в Москве (2)
  • Wir lebten in Köln. Aufzeichnungen und Erinnerungen (1996), Мы жили в Кёльне (2003)

Zesumme mam Heinrich Böll:

  • Warum haben wir aufeinander geschossen? (1981)
  • Antikommunismus in Ost und West. Zwei Gespräche (1982)
  • Heinrich Böll – Lew Kopelew. Briefwechsel. Mit einem Essay von Karl Schlögel. Hrsg. von Elsbeth Zylla (2011)
  • (Initiator an Editeur:) West-Östliche Spiegelungen, zéng Bänn, Wilhelm Fink Verlag, 1985 bis 2006.

Reihe A, erausgi vum Lew Kopelew an der Mechthild Keller:

  • Bd. A1: Russen und Rußland aus deutscher Sicht. 9.–17. Jahrhundert (1985)
  • Bd. A2: Russen und Rußland aus deutscher Sicht. 18. Jahrhundert: Aufklärung (1987)
  • Bd. A3: Russen und Rußland aus deutscher Sicht. 19. Jahrhundert: Von der Jahrhundertwende bis zur Reichsgründung (1991)
  • Bd. A4: Russen und Rußland aus deutscher Sicht. 19./20. Jahrhundert: Von der Bismarckzeit bis zum Ersten Weltkrieg (1999)
  • Bd. A5: Deutschland und die Russische Revolution 1917–1924 (hrsg. von Lew Kopelew und Gerd Koenen) (1998)

Reihe B, erausgi vum Lew Kopelew an der Dagmar Herrmann

  • Bd. B1: Deutsche und Deutschland aus russischer Sicht. 11.–17. Jahrhundert (1988)
  • Bd. B2: Deutsche und Deutschland aus russischer Sicht. 18. Jahrhundert: Aufklärung (1992)
  • Bd. B3: Deutsche und Deutschland aus russischer Sicht. 19. Jahrhundert: Von der Jahrhundertwende bis zu den Reformen Alexanders II. (1998)
  • Bd. B4: Deutsche und Deutschland aus russischer Sicht. 19./20. Jahrhundert: Von den Reformen Alexanders II. bis zum Ersten Weltkrieg (2006)
  • Sonderband B: Deutsche und Deutschland in der russischen Lyrik des frühen 20. Jahrhunderts (1988)
  • Deutsch-russische Begegnungen im Zeitalter der Aufklärung (18. Jahrhundert). Wanderausstellung durch Deutschland und Rußland. Dokumentation. Hrsg. von Lew Kopelew, Karl-Heinz Korn, Rainer Sprung (1997)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]