Lian Reckinger

Vu Wikipedia
Lian Reckinger
Gebuer 1942
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur
D'Lian Reckinger an hirem Atelier op der Schläifmillen mam Wuesmodell vun der Bronzebuste vum Groussherzog

D'Lian Reckinger, gebuer 1942 zu Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Sculptrice mat lëtzebuergeschen an italieeneschen Originnen.

Hir Première huet si 1961 an der Europaschoul zu Lëtzebuerg gemaach. Vun 1961 bis 1967 war si an der Staatliche Akademie der Bildenden Künste zu Stuttgart ageschriwwen, wou se beim Uli Günther Keramik, a Skulptur beim Rudolf Hoflehner studéiert huet. Duerno huet si Stagen zu Sesto Fiorentino an op Sizilien gemaach.

1971 krut se hiren Diplom, fir zu Lëtzebuerg Konscht z'enseignéieren.

D'Lian Reckinger gëtt Konschtcoursen an engem Lycée Technique zu Lëtzebuerg a si huet hiren Atelier op der Schläifmillen.

2007 krut si den Optrag vum groussherzoglechen Haff fir eng Bronze-Buste vum Groussherzog, déi geduecht ass fir am Groussherzogleche Palais, am Schlass Bierg an a verschiddene Ministèren opgestallt ze ginn.

Si ass zanter 1968 mam Moler Schorsch Mayer bestuet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]