Lucien Dury

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lucien Dury
Gebuer 6. Februar 1912
Gestuerwen 14. Mee 2002
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Journalist, Resistenzler
Partei Demokratesch Partei
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot, Letzeburger Vollekslegio'n

De Lucien Dury, gebuer de 6. Februar 1912 zu Lëtzebuerg a gestuerwen de 14. Mee 2002, war e lëtzebuergesche Politiker a Resistenzler.

De Resistenzler[änneren | Quelltext änneren]

De Lucien Dury war Member vun der Letzeburger Vollekslegio'n (LVL). No der Verhaftungswell vun Oktober 1943 gouf de Lucien Dury Chef vun der L.V.L.. An där Qualitéit war hien 1944 Matgrënner vun der Unio'n vun de Fräiheetsorganisatiounen a gouf och hiren éischte President.

De Politiker[änneren | Quelltext änneren]

De Lucien Dury war Matgrënner vum Groupement patriotique et démocratique, der spéiderer DP, a vun 1948 bis 1952, säin éischte President. Säin Nofollger war den Eugène Schaus. Vun 1959-1962 gouf de Lucien Dury och President vun der DP. Vun 1945 bis 1951 war hien Deputéierten an der Chamber a vun 1969 bis 1977 Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.

De Lucien Dury huet 1948 de Lëtzebuerger Journal matgegrënnt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]