Lucien Michels (Journalist)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Journalist Lucien Michels. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Lucien Michels.

De Lucien Michels ass e lëtzebuergesche Journalist.

Hien huet vun 1978-1984 als Noriichte-Speaker bei RTL Radio Lëtzebuerg a vun 1984-1995 als Journalist a Presentateur beim Televisiounsprogramm Hei elei, kuck elei geschafft.

1996-1997 war hie Consultant bei der Chambre de commerce zu Lëtzebuerg. Zanterhier ass hien Attaché de Presse am Finanzministère, a war tëschenduerch, fir d'Lëtzebuerger EU-Conseilspresidencen 1997 an 2005, bei der Stänneger Vertriedung vu Lëtzebuerg bei der EU.

Politesch ass hien an der CSV zu Bartreng engagéiert.