Léon Lippmann
Ausgesinn
Léon Lippmann | |
---|---|
Gebuer |
1. Mäerz 1808 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
11. November 1883 Amsterdam |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Banquier |
Famill | |
Bestuet mat | Lina Lippmann |
Papp | Jonas Lippmann |
Geschwëster | Isaï Lippmann |
De Léon (oder Leo) Lippmann[1], gebuer den 1. Mäerz 1808 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 11. November 1883 zu Amsterdam, war en Eisebunnsmanager a Banquier.
Als Jong vum Jonas Lippmann huet hie fir d'éischt als Reesender vu sengem Papp senger Händschefabréck geschafft. Méi spéit gouf en Direkter vu verschiddenen hollänneschen Eisebunnsgesellschaften. 1858 huet hien zu Amsterdam eng Bank, d'Bank Lippmann, Rosenthal & Cie, matgegrënnt. Hie gouf och do Lëtzebuerger Konsul.
Hie war de Brudder vum Isaï Lippmann a war zweemol bestuet: fir d'éischt mat der Henriette Enthoven, déi 1846 gestuerwen ass, a vun 1853 bis zu sengem Doud mat der Lina Nathan.[2]
Hien ass um ale jiddesche Kierfecht a Clausen begruewen[3].
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Grand-officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1874)[4]
Fotoalbum
[änneren | Quelltext änneren]-
Lippmann Familljegraf a Clausen
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Gabriel Lippmann, Nobelpräisdréier fir Physik
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Um Gebuertsakt vun der Stad Lëtzebuerg als Lÿon resp. Lyon Lippmann agedroen
- ↑ Centre culturel et d'éducation populaire de Bonnevoie: Gabriel Lippmann. Bonnevoie s.d.
- ↑ Cf. Familljegraf Lippmann um ale jiddesche Kierfecht zu Clausen.
- ↑ (fr)Intérieur. L'indépendance luxembourgeoise. eluxemburgensia.lu (31. Mee 1874). Gekuckt de(n) 24.01.2023.