Op den Inhalt sprangen

Magica Club

Vu Wikipedia

De Magica Club ass eng A.s.b.l., an där sech lëtzebuergesch Zauberkënschtler zesummefonnt hunn.

De Club ass den 11. Mäerz 1998 gegrënnt ginn. Den Zweck vum Club ass et Lëtzebuerger Zauberkënschtler an d'Zauberkonscht am Allgemengen ze fërderen. De Club ass 2003 der "Fédération internationale des sociétés magiques" (FISM) bäigetrueden.

Zanter 1998 gëtt all Joer eng Foire des Magiciens mat engem Jugendconcours an engem grousse Galaowend mat internationalen an nationalen Zauberkënschtler organiséiert.

JoerUertschaftKënschtler an der GalaGewënner vum ConcoursAner Artisten
1998BounewegFlip, Perol  
1999HesperJay Scott Berry, Christoper Hart, Tommy Wonder, Tina Lenert,
Rafaël, Kaky, David Goldrake
  
2000WalferJung!Junge, Julius Frack, Hans Moretti, Aldo Colombini, Carlos Vacquera , KakyKamyléon 
2001Esch-UelzechtHuthochDrei, Andreas Römer, Fredini, Cyril Harvey, Ralf Rolsn und Domino, Hörbi Kull.Claus Heinzeler (Wave)Joshua Jay
2002Esch-UelzechtTopas, Roxanne, Fisselspecht, David GoldrakeStonkelBoris Wild, Dondo Burghardo
2003Esch-UelzechtPrince of Illusions, Aaron Crow, Chris Joker, Arno, Wolf Fischer Jan
2004Esch-UelzechtPeplum und Othello, Pascal, Tom Voss, Ken Bardowicks, Jonas Zeller , Ben Profane  
2005Esch-UelzechtGaston, Nils Bennett, Romano Carrara, David Goldrake, Axel Hecklau, Magic Wave, Jeff  
2006Esch-UelzechtValérie, Pilou, Julius Frack,Timo MarcMichael Ammar
2007Esch-UelzechtBen Profane, Ken Bardowicks, David Goldrake, Timo Marc Richard Sanders

De Magica Club ass et och schonn emol an den 50er Jore ginn. E war deemools vum René Breckler a vum Jemp Leer gegrënnt ginn. Sou ass zum Beispill 1955 eng grouss Zaubergala wärend fënnef Deeg am Vollekshaus zu Lëtzebuerg organiséiert ginn. 1959 ass eng lescht grouss Gala zu Munneref ofgehale ginn. Duerno huet dee Club sech opgeléist.