Op den Inhalt sprangen

Maison Croeff

Vu Wikipedia
Maison Croeff
Land Lëtzebuerg
Adress Fleeschiergaass
Koordinaten 49° 36’ ’’ N 06° 07’ ’’ E
Statut Zousazinventaire klasséiert Monumenter (SSMN)

D'Maison Croeff ass en historescht Gebai an der Stad Lëtzebuerg, op Nummer 11 an der Fleeschiergaass (Rue de la boucherie).

Am 14. Joerhonnert war an dësem Haus d'Sazlager vun der Stad, woufir et och nach Um Salzstapel genannt gëtt.[1].

D'Haus huet an der säitlecher Fassad Fënsterbéi aus dem 16. Joerhonnert. Si goufe 1605 vum Hubert Croeff, deem deemolege Besëtzer, zougemauert.

An der 2. Hallschent vum 18. Joerhonnert gouf d'Haus vun der Famill Pescatore kaf, déi et ëm ee Stack vergréissere gelooss huet. D'Bannenariichtung, dorënner d'hëlzen Trap aus där Zäit an och aus dem fréien 19. Joerhonnert, sinn zu engem groussen Deel bis haut erhale bliwwen.[2] Bemierkenswäert ass ë. a. ee getäfelte Sall aus dem fréien 19. Joerhonnert.[3]

1876 huet de Balthazar Valentini d'Haus opkaaft, an do seng Fumisterie opgemaach. 1892 huet de Charles Praum, dee mam Valentini senger Sëschter bestuet war, do seng Dréckerei installéiert. Bis 1920 huet d'Dréckerei Linden-Hansen, déi dem Praum säi Betrib virugefouert huet, an engem Deel vum Haus fonktionnéiert.[4]

2002-2005 gouf d'Haus, zesumme mam Nopeschhaus, der Maison Mersch, vum Fonds de rénovations de la Vieille Ville am Fong restauréiert.[2] Virdru sinn archeologesch Ausgruewungen am Keller gemaach ginn, déi Spuere vu Bebauunge bis zeréck an d'8. Joerhonnert fonnt hunn.[5]

Et ass zanter dem 20. Oktober 1961 op der Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[6]

Haut ass ënnenan e Bicherbuttek, an de getäfelte Sall um 1. Stack, Salle Empire genannt, ka fir Konferenzen oder Virliesunge benotzt ginn.[7]

D'Salle Empire

 Commons: Maison Croeff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. I. Yègles et al. 2012
  2. 1 2 CLF: "Erhalt historisch wertvoller Innenarchitektur." Luxemburger Wort, 28. Dezember 2002.
  3. "Rénovation de la salle «Directoire» 11, rue de la Boucherie" Publikatioun vum Fonds de Rénovations de la Vieille Ville.
  4. Arthur Diderrich: "Au Luxembourg,le 25 jiun 1865". In: Escher Tageblatt, 1947. Jg., nº 142 (25.06.1947), p. 4 (Digitised by the National Library of Luxembourg).
  5. Isabelle Yegles-Becker: Fouilles archéologiques au 11 rue de la Boucherie: un site d'habitation dans la Vieille Ville de Luxembourg du 8e au 13e siècle. 2001.
  6. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 18. November 2025).
  7. "Wir stellen uns vor" op scarabaeus.lu.