Rue de la Boucherie

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Fleeschiergaass)
Rue de la Boucherie
Lëtzeb. Numm Fleeschiergaass
Ënnerhal vu(n) Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Postcode L-1247
Koordinaten 49°36'41,29"N, 6°7'58,55"O
Morphologie
Längt 78 m
Héicht i. M. 304 m
Geschicht

D'Rue de la Boucherie, op lëtzebuergesch Fleeschiergaass, ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vum Krautmaart aus a Richtung Oste bis bei de Rouscht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Strooss huet hiren Numm vun der Metzleschhal déi vum spéide Mëttelalter bis an d'Renaissance eran um Eck mam Krautmaart stoung, do wou haut d'Europahaus (Gilly-Haus) ass. D'Strooss krut hiren offiziellen Numm de 16. Mee 1925. Wärend der Nazizäit huet se Fleischerstrasse geheescht[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

D'Rue de la Boucherie an Ons Stad N° 4

Commons: Rue de la Boucherie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Rue de la Boucherie op archives-vdl.lu, den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 30. Mäerz 2020