Marie-Thérèse Glaesener-Hartmann
Marie-Thérèse Glaesener-Hartmann | |
---|---|
Gemoolt vum Michael Emonds-Alt, 1903. | |
Gebuer |
18. Abrëll 1858 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
18. Februar 1923 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Famill | |
Bestuet mat | Mathias Glaesener |
Papp | Antoine Hartmann |
D'(Marie-)Thérèse Glaesener-Hartmann, gebuer den 18. Abrëll 1858 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 19. Februar 1923, war eng lëtzebuergesch Molerin. Si war d'Duechter vum Architekt Antoine Hartmann.
Si war warscheinlech déi éischt Lëtzebuergerin déi am Ausland Konscht studéiert huet. Hire Papp huet a senger Fräizäit Aquarelle gemoolt an huet bei sengem Meedchen den Interessi fir d'Molerei waakreg gemaach. Mat 19 Joer ass si op Düsseldorf Konscht studéiere gaangen. Well d'Fraen zu där Zäit nach net an de staatleche Konschtschoulen zougelooss waren, huet si Privatcourse beim Gustav Süs geholl, an zu München beim Moler Alexander von Liezen-Mayer. Duerno war si d'Schülerin vun de franséische Moler Auguste Carolus-Duran a Jean-Jacques Henner, déi en "Dammenatelier" fir Portraitsmolerei zu Paräis haten. Si ass virun allem fir hir Interieuren a Portraite bekannt.[1]
Scho wärend hirem Studium, huet si hir Biller zu Lëtzebuerg an der Fënster vum Geschäft vum Louis Segers ausgestallt.[2],[3],[4] Si huet vun 1894 bis 1912 am Cercle artistique de Luxembourg ausgestallt.[5]
Zu Lëtzebuerg um Belair an zu Suessem am Quartier Belval-Sud goufe Stroossen, d'Rue Marie-Thérèse Glaesener-Hartmann, resp. d'Rue Thérèse Glaesener-Hartmann, no der Molerin genannt.
Galerie
[änneren | Quelltext änneren]-
Médor (1886)
-
Jules Ulveling (1892)
-
Paule Ulveling (1895)
-
De Geolog Pierre Mathias Siegen (1896)
-
De Premierminister Paul Eyschen (ouni Datum)
-
Madame Salentiny (1902)
-
Dr J.-P. Glaesener (1908)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Anonym, 1963. Étapes de la peinture luxembourgeoise. 19e siècle: [Exposition] du 1er au 16 juin 1963. Musée d'histoire et d'art, Luxembourg. Impr. Linden, Luxembourg. Follgend Artiste gi behandelt: Jean-Baptiste Fresez, Mathieu Kirsch, Hilaire Kreins, Jacques Sturm, Jean-Nicolas Bernard, Nicolas Liez, Jean-Auguste Marc, Pierre Brandebourg, Michel Sinner, Michel Engels, Michel Weyler, Frantz Seimetz, Thérèse Glaesener-Hartmann, Ferdinand d'Huart, Jean-Pierre Huberty, Alphonse Jungers, Dominique Lang
- Hirsch, Anton. Die bildenden Künstlerinnen der Neuzeit. Stuttgart: Verlag Ferdinand Enke, 1905 S.186-190
- Goetzinger, Germaine, Lorang, Antoinette, Wagener, Renée [Hrsg.]. Wenn nun wir Frauen auch das Wort ergreifen...: Frauen in Luxemburg 1880-1950. Luxembourg: Publications nationales du Ministère de la culture, 1997 S.272-277 ISBN 2-87984-010-4.
- Wirtz, Jacobine, Eckhart, Kathrin. Künstlerinnen entdecken: Unterrichtsmappe für Lehrerinnen und Lehrer der Vor- und Primärschulen. Numéro spécial du Courrier de l'éducation nationale, 2008 S.186-190
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Marie-Thérèse Glaesener-Hartmann – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Linda Eischen. Les femmes dans l'art luxembourgeois Ons Stad, N°77, 2004, S.12-18
- Wirtz, Jacobine, Eckhart, Kathrin. Künstlerinnen entdecken: Unterrichtsmappe für Lehrerinnen und Lehrer der Vor- und Primärschulen Numéro spécial du Courrier de l'éducation nationale, 2008 S.186-190
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Wirtz, Jacobine, Eckhart, Kathrin. Künstlerinnen entdecken: Unterrichtsmappe für Lehrerinnen und Lehrer der Vor- und Primärschulen. Numéro spécial du Courrier de l'éducation nationale, 2008 S.186-190
- ↑ Moes, Jean-Nicolas. Kunst und Literatur[1]; in: Das Luxemburger Land, N°41 vum 14. Oktober 1883, S. 575
- ↑ Moes, Jean-Nicolas. Kunst und Literatur[2]; in: Das Luxemburger Land, N°7 vum 17. Februar 1884, S. 110-111
- ↑ Moes, Jean-Nicolas. Kunst und Literatur[3]; in: Das Luxemburger Land, N°35 vum 31. August 1884, S. 560
- ↑ Zwank, Edmond. Le Cercle artistique de Luxembourg (1893-1993). 1993, 333p.