Mathis Prost Gebai

Vu Wikipedia
En neit Haus wiisst aus dem Daach eraus

Ënnert dem Numm Mathis Prost Gebai ass en industriellt Gebai am Garer Quartier an der Stad bekannt; et läit an der rue du Fort Wallis.

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai gouf 1890 gebaut. Zanter dem 9. Februar 2012 steet et op der Lëscht vum Inventaire supplémentaire vun de klasséierte Monumenter.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

Am Gebai war uganks d'Fierwerei vun der Händschefabréck Handschuhfärberei Gebrüder Bloc dran ënnerbruecht; aus dëser Firma gouf dunn 1910 d'Ancienne Maison Gabriel Meyer, Bloc frères, successeurs, Luxembourg[1].

Iwwerdeems déi industriell Aktivitéiten am Gebai an der Wallisstrooss waren, war d'Wunnhaus vum Proprietär laanscht dem boulevard d'Avranches (deemools avenue Pétrusse); déi zwee Gebaier waren duerch e Gaart matenee verbonnen. Dës Bebauung war sengerzäit an Europa typësch fir e Quartier an der Noperschaft vun der Gare. Am Laf vun der Zäit goufen déi zwou Parzellen dunn awer opgedeelt.

Uganks der 70er Joren huet sech dunn d'Firma Mathis Prost an der Wallisstrooss etabléiert. Hir Aktivitéite waren am Pharmaberäich, an der Landwirtschaft an am Wäibau.

Nodeems sech d'Firma Mathis Prost 1993 opgedeelt huet an een Deel op Gréiwemaacher geplënnert ass, blouf de Pharmadeel nach bis 1996 an der Gebaier op der Gare[2].

Duerno ware – bis an den November 2010 - Deeler vun der Generaldirektioun vun der Police am Gebai ënnerbruecht[3].

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Aktuell (2014) sinn Ëmbauaarbechten um Gebai am Gaang bei deenen déi al Bausubstanz awer deelweis soll erhale bleiwen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mathis Prost Gebai – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Gabriel Mayer / Bloc frères op industrie.lu, D'Industriegeschicht vu Lëtzebuerg, fir d'lescht gekuckt de 7. Dezember 2014
  2. Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart an „Lëtzebuerg moderne: Liebeserklärung an die Hauptstadt“ Säit 230, Édition Maison Moderne, 2013, ISBN 978-99959-33-07-4]
  3. Rapport d'activité 2010 de la Police grand-ducale op dem Internetsite vun der Police, www.police.public.lu. Fir d'lescht gekuckt de 7. Dezember 2014