Op den Inhalt sprangen

Mercury-Atlas 1

Vu Wikipedia
Mercury-Atlas 1 (MA-1)
Bléck op déi rekonstruéiert Kapsel
TypRaumfaartmissioun
Land USA
AgenturNASA
nssdc_idMERCA1
Apogeum13 km
Streck9,6 km
maximal Vitess2.737 km/h
Start29. Juli 1960, 13:13 UTC
Landung29. Juli 1960, 13:16 UTC
Dauer3min 18s
Orbitatmosphäresche Fluch
StartplazLC-14, Cape Canaveral, Florida
LandeplazAtlantik
DrorakéitAtlas D
virdrunMercury-Little-Joe 1B
donoMercury-Little-Joe 5

D'Mercury-Atlas 1 (MA-1) war en suborbitalen Testfluch fir d'Mercury-Kapsel. Op d'Rettungsrakéit gouf bei dëser onbemannter Missioun verzicht. D'Kapsel hat gutt funktiounsfäeg Dreifwierker fir Trennung vun der Atlas-Rakéit, d'Neesantrëttsrakéite waren nëmmen Attrappen. 58 Sekonne nom Start ass d'Drorakéit an zirka 9 km Hlicht zerbrach. D'Rakéit an d'Kapsel hunn dorop haart um Atlantik opgeschloen, wouropshin d'Kapsel zerbrach ass an ënnergaangen ass. Si gouf mat Deeler vun der Rakéit nees aus dem Mier geholl a fir Studienzwecker rekonstruéiert.

D'Kapsel hat eng maximal Héicht vun zirka 13 km erreecht, hiert Gewiicht war 1.154 kg. D'Seriennummer vun der Rakéit war Atlas 50-D. D'Bezeechnung vun der benotzter Kapsel war Mercury spacecraft #4.

Deeler vun der Kapsel sinn haut am Kansas Cosmosphere and Space Center zu Hutchinson am Kansas ze gesinn.

Portal Astronomie