Op den Inhalt sprangen

Mercury-Little-Joe 5

Vu Wikipedia
Little Joe 5 (LJ-5)
D'Little Joe 5 bei der Startvirbereedung
TypMercury-Programm
Land USA
AgenturNASA
Orbitsuborbitale Fluch
Apogeum16,2 km
Streck22,5 km
Start8. November 1960
StartplazWallops Flight Facility, Virginia
Landung8. November 1960
LandeplazAtlantik
Dauer2min 22s
DrorakéitLittle Joe
Missioun virdrunMercury-Atlas 1
Missioun donoMercury-Redstone 1

D'Little Joe 5 (LJ-5) war en onbemannten Test am Kader vum US-amerikanesche Raumfaartprogramm Mercury. De Start war den 8. November 1960 op Wallops Island am Virginia.

D'Missioun hat virgesinn, datt d'Mercury-Kapsel 3 vun der Little-Joe-Rakéit op eng gewëssen Héicht bruecht sollt ginn. Uschléissend hätt d'Rettungsrakéit d'Kapsel vun der Rakéit ewech schéisse sollen, wourophin d'Kapsel mat Fallschiermer am Atlantik hätt solle landen.

Leider hat d'Rettungsrakéit an d'Dreifwierker, déi d'Kapsel vun der Rakéit trenne sollten, schonn no 16 Sekonne gezünnt, wärend d'Little-Joe-Rakéit nach acceleréiert huet, soudatt sech d'Kapsel net vun der Rakéit konnt trennen. D'Rakéit war 16,2 Kilometer héich an 20,9 Kilometer wäit geflunn, ier si mat der Kapsel an den Atlantik gefall war. Et konnten zirka 60 % vun der Rakéit a 40 % vun der Kapsel gebuerge ginn.

Virum Fluch war driwwer geschwat ginn, fir en Af an d'Kapsel ze setzen. Wéinst technesche Schwieregkeete gouf dat awer net gemaach.

Portal Astronomie

 Commons: Little Joe 5 – Biller, Videoen oder Audiodateien