Op den Inhalt sprangen

Mercury-Little-Joe 6

Vu Wikipedia
Little Joe 6 (LJ-6)
De Start vu Little Joe 6 de 4. Oktober 1959.
TypMercury-Programm
Land USA
AgenturNASA
Orbitatmosphäresche Fluch
Apogeum59,5 km
Streck127 km
Start4. Oktober 1959
StartplazWallops Flight Facility, Virginia
Landung4. Oktober 1959
LandeplazAtlantik
Dauer5min 10s
DrorakéitLittle Joe
Missioun virdrunMercury-Big-Joe 1
Missioun donoMercury-Little-Joe 1A

Mercury-Little-Joe 6 war en onbemannten Testfluch am Kader vum Mercury-Programm vun der NASA. De Fluch war gemaach gi fir d'Rettungsrakéit ze testen, déi op engem net funktiounsfäege Modell vun der Mercury-Kapsel souz. D'Kapsel ass ronn 127 km wäit geflunn an hat eng Héicht vun 59,5 km erreecht. D'Maximalvitess war 4.949 km/h, d'Maximalacceleratioun war 5,9 g. D'Notzlaascht war 1.134 kg schwéier.

Portal Astronomie