Mercury-Little-Joe 1B
Little Joe 1B (LJ-1B) | |
---|---|
Typ | Mercury-Programm |
Land | USA |
Agentur | NASA |
nssdc id | LILJOE-1B |
Crew | 1 Rhesusaf |
Orbit | suborbitale Fluch |
Apogeum | 15 km |
Streck | 19 km |
Start | 21. Januar 1960 |
Startplaz | Wallops Flight Facility, Virginia |
Landung | 21. Januar 1960 |
Landeplaz | Atlantik |
Dauer | 8 min 35 s |
Drorakéit | Little Joe |
virdrun | Mercury-Little-Joe 2 |
dono | Mercury-Atlas 1 |
Little Joe 1B (LJ-1B) war en Testfluch am Kader vum Mercury-Programm.
Well mat de béide Missioune virdrun, der Little-Joe 1 an der Little-Joe 1A kee Fluchofbroch wärend der maximaler aerodynamescher Belaaschtung simuléiert konnt ginn, sollt dat mat dëser Missioun gemaach ginn. U Bord vun der Kapsel war d'Rhesusäffin (Macaca mulatta) Miss Sam. Si gouf, wéi hire Virgänger Sam vum Fluch Little-Joe 2, no der US Air Force School of Aviation Medicine genannt. Déi Kéier war de Fluchofbroch um gewënschten Zäitpunkt gelongen an d'Miss Sam war 28 Sekonnen der Schwéierlosegkeet ausgesat. D'Kapsel gouf no der Waasserlandung vun engem Helikopter aus dem Mier gefëscht a war scho 45 Minutte nom Start nees op Wallops Island.
D'Maximalvitess war 3.307 km/h, déi maximal Acceleratioun hat 4,5 g. D'Kapsel hat eng Streck vun 19 km iwwerflunn, den héchste Punkt louch bei enger Héicht vu 15 km. D'Notzlaascht war 1.007 kg schwéier.
Galerie
[änneren | Quelltext änneren]-
Start vun Little Joe 1B vun der Wallops Flight Facility den 21. Januar 1960.
-
D'Miss Sam gëtt fir de Fluch an e Container gepaakt
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Little Joe 1B – Biller, Videoen oder Audiodateien |