Milton Friedman

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Milton Friedman
Gebuer 31. Juli 1912
Brooklyn
Gestuerwen 16. November 2006
San Francisco
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit USA
Educatioun Columbia University,
Rutgers University,
University of Chicago,
Universitéit vu Cambridge
Aktivitéit Ekonomist, Sta­tis­ti­ker, Universitéitsprofesser, Essayist
Partei Republikanesch Partei
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences, Accademia Nazionale dei Lincei, American Philosophical Society, Koninklijke Vlaamse Academie van België voor Wetenschappen en Kunsten


De Milton Friedman, gebuer den 31. Juli 1912 zu Brooklyn, New York, a gestuerwen de 16. November 2006 zu San Francisco, war en US-amerikanesche Ekonomist.

De Fils vu jiddeschen Immigranten aus Ungarn war ee vun de populäersten an energeschste Vertrieder vun enger fräier Maartwirtschaft ouni staatlech Interventiounen.

Hie war tëscht 1946 an 1976 Professer un der Universitéit vu Chicago. Bekannt gouf en duerch seng Wierker iwwer d'Makroekonomie an als Verfechter vum Laissez-faire Kapitalismus. Hie krut 1976 de sougenannten “Nobelpräis fir d'Ekonomie”. Hie gëllt als Schüler vum Frank Knight an als Haaptvertrieder vun der Chicagoer Schoul. Hie war och Conseiller vum US-President Ronald Reagan an der brittescher Premierministesch Margaret Thatcher.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Milton Friedman – Biller, Videoen oder Audiodateien