Musik am Atertdaul
Musik am Atertdaul, oder Musique dans la Vallée, ass e Musekfestival, deen all Joer vun Enn August bis Ufank Oktober am belsch-lëtzebuergeschen Atert-Dall ofgehale gëtt.
D'Realisatioun fir dee Festival ass op fënnef Gemengen zeréckzeféieren. Op déi belsch Gemeng Atert, an déi véier lëtzebuergesch Gemengen: Biekerech, Ell, Préizerdaul a Réiden op der Atert.
Ëm d'Sekretariat an d'Animatioun vun dësem Festival këmmert sech d' asbl. Au Pays de l'Attert vun Atert.
2006[änneren | Quelltext änneren]
Um Programm vun 2006 stoungen ë. a.:
D'Stëmme vun der Neva[änneren | Quelltext änneren]
E gemëschte Chouer, deen zesummegesat ass aus Sänger a Sängerinnen aus Sankt Péitersbuerger Chéier mat russesch-orthodoxem Gesank vu Komponiste wéi Bortnjanskyj a Rachmaninow.
Banchieri Singers[änneren | Quelltext änneren]
En ungaresche Vokalsextett, deen aus der Zoltan Kodaly-Schoul ervirgaangen ass.
Ensembel Reebou[änneren | Quelltext änneren]
Véier Musekerinnen, Eliana Arabynska (Mezzosopran), Ekaterina Lucius-Popova (Sopran), Josiane Diefferding (Piano) an d'Maggy Dumont (Gei) hunn e gemëschte Repertoire mat lëtzebuergesche Vollekslidder a Lidder aus Operetten a russesche Vollekslidder a Romanzen.