NGC 1559

Vu Wikipedia
NGC 1559
D'Balkespiralgalaxie NGC 1559, opgeholl mam multi-Modus FORS1 Instrument vum VLT vum Europäesche Südobservatoire. D'Supernova 2005fd ass als helle Punkt direkt iwwer der Galaxie ze gesinn.
Stärebild Reticulum (Ret)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 04h 17m 35,8s
Deklinatioun - 62° 47' 01"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz SB(s)cd
Visuell Magnitude 10,4[1] mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
11,1[1] mag
Wénkelduerchmiesser 3,5 x 2,0
Physikalesch Donnéeën
Routverrécklung 0.004350
Geschicht
Entdecker James Dunlop
Entdeckungsdatum 1826
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
AM 0417-625
NGC 1559
PGC 14814
ESO 84-10

Den NGC 1559 ass eng Balkespiralgalaxie am Stärebild Reticulum (Netz) um südleche Stärenhimmel. Si ass ausserdeem och eng Seyfertgalaxie. Aktuell Observatiounen hu gewisen, datt d'Galaxie weeder een Deel vun engem Galaxiëkoup, nach vun enger Galaxiëgrupp ass an och keng no Begleetgalaxie huet.[2],[3] Den NGC 1559 huet massiv Spiraläerm an huet eng staark Stäregenesis,[2] d'Galaxie ass och eng Quell vu ganz staarker Radiostralung.[2]

Am Joer 2005 war eng Supernova vum Typ Ia (SN 2005df) an der Galaxie. Zwou weider Supernovaen, déi am NGC 1559 observéiert goufen, waren d'SN 1984J an d'SN 1986L. Allen dräi goufe vum australeschen Amateurastronom Robert Evans entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: NGC 1559 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Students for the Exploration and Development of Space
  2. 2,0 2,1 2,2 R. Beck, V. Shoutenkov, M. Ehle, J. I. Harnett, R. F. Haynes, A. Shukurov, D. D. Sokoloff, M. Thierbach: Magnetic fields in barred galaxies. In: Astronomy and Astrophysics. Band 391, Nr. 1, S. 83–102, doi:10.1051/0004-6361:20020642.
  3. M. A. G. Maia, L. N. da Costa, David W. Latham: A catalog of southern groups of galaxies. In: The Astrophysical Journal Supplement Series. Band 69. 1989, S. 809–829, doi:10.1086/191328, ISSN 0067-0049