NGC 1560

Vu Wikipedia
NGC 1560
Foto vum NGC 1560
Stärebild Camelopardalis (Cam)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 04h 32m 47,5s
Deklinatioun + 71° 52' 46"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz SA(s)d HII
Visuell Magnitude 11,4 mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
12,2 mag
Wénkelduerchmiesser (11,6 × 1,9)′
Flächenhellegkeet mag/arcmin² 14,4
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Maffei-Grupp
Distanz (Lj) 11 Mio. (±1 Mio.)
Routverrécklung -0.000120 (+/-0.000017)
Radialvitess -36 (±5)
Absolutten Duerchmiesser 35.000
Geschicht
Entdecker Wilhelm Tempel
Entdeckungsdatum 1883
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
IC 2062
MCG +12-05-005
NGC 1560
PGC 15488
UGC 3060
ZWG 328,6
2MASX J04324908+7152591

Den NGC 1560, (oder IC 2062) ass eng Spiralgalaxis am Stärebild Camelopardalis an der Maffei-Grupp.

D'Galaxis huet eng visuell Magnitude vun 12,2m a gouf vum Astronom Wilhelm Tempel den 1. August 1883 entdeckt.

D'Distanzmiessung mat der Kosmologescher Routverrécklungsmethod ass wéinst der relativ kuerzer Distanz vum Spiralniwwel net benotzbar. D'Galaxis huet eng negativ Radialvitess vu -35 km/Sekonn. Iwwer aner Methode koum ee bis elo zu Distanzschätzungen tëscht 5 a 15 Millioune Liichtjoer. Déi aktuell, prezis Resultater kommen zu engem Resultat vun 10 bis 12 Millioune Liichtjoer. Mat där Distanz ass d'Galaxis keen Deel méi vun der Lokaler Grupp.

Ofgeleet vun der Distanz engersäits an der visueller Gréisst vun 11,6 × 1,9 Bouminutten anerersäits ergëtt sech e Galaxienduerchmiesser vu ronn 35.000 Lichtjoer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: NGC 1560 – Biller, Videoen oder Audiodateien