NGC 4438

Vu Wikipedia
NGC 4438
D'Galaxis NGC 4438 (uewe lénks) an den NGC 4435 fotograféiert vum VLT
Stärebild Virgo (Vir)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 12h 27m 46s
Deklinatioun + 13° 00' 32"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz SA(s)0/a pec
Visuell Magnitude +10,0 mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
+10,9 mag
Wénkelduerchmiesser 8,5' × 3,2'
Flächenhellegkeet mag/arcmin² 13.4
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Markarjan-Ketten
Distanz (Lj) 52 Milliounen
Routverrécklung +0,000237 ± 0,000010
Radialvitess (+71 ± 3)
Geschicht
Entdecker Wilhelm Herschel
Entdeckungsdatum 8. Abrëll 1784
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
GC 2994
h 1275
H 1.28.2
Holm 409A
IRAS 12252+1317
MCG +02-32-065
NGC 4438
PGC 40914
UGC 7574
VV 188
ZWG 70.97

Den NGC 4438 ass eng lënsefërmeg Galaxis am Stärebild Virgo déi ongeféier 52 Millioune Liichtjoer vun der Äerd ewech ass. Den NGC 4438 interagéiert mat der Galaxis NGC 4435, déi ronn 100.000 Liichtjoer ewech ass. Astronomen huelen un, datt déi béid viru ronn 100 Millioune Joer op enger Distanz vu 16.000 Liichtjoer laanschtenee gerannt sinn.

Den NGC 4438 gehéiert zu der sougenannter Markarjan-Ketten, eng Grupp vu Galaxien an engem Gebitt vu ronn 1,5 Grad Duerchmiesser.

Den NGC 4438 gouf den 8. Abrëll 1784 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

En Ausschnëtt aus der Galaxis NGC 4438, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop