Nationale Militärgeschichtsmusée

Vu Wikipedia
US-Fligerbomm
Dëse Revolver krut de Prënz Jean 1943 vun de Lëtzebuerger Fräiwellegen zu London geschenkt.

Den Nationale Militärgeschichtsmusée (Musée National d'Histoire Militaire Diekirch) ass e Musée zu Dikrech, deen als Haaptthema d'Ardennenoffensiv huet.

Am September 1984 huet e seng Paarten ënner dem Numm "Dikrecher Geschichtsmusée", um Terrain vun der fréierer Brauerei Drüssel, opgemaach.[1]

Themen an Exponater[änneren | Quelltext änneren]

  • De Musée zu Dikrech presentéiert op eng neutral Manéier d'Militäroperatioune vun der Ardennenoffensiv am Wanter 1944-45. Eng Rei vun Dioramaen a Liewensgréisst, thematesch Ausstellungen, Waffesammlungen, Uniformen, militäresch Gefierer an Ausrëschtunge vun all Zort, original Fotoen a perséinlech Géigestänn vun Zaldoten erzielen ganz konkreet vum militäreschen Aspekt hier d'Geschicht vum 2. Weltkrich zu Lëtzebuerg.
  • Zanter 1993 gëtt an engem 2. Deel d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi, vun 1881 un, behandelt. De Schwéierpunkt läit dobäi op den Zukunftsperspektive vun der Arméi am Kader vun hiren Engagementer an der NATO, der UNO an an der Europäescher Unioun.
  • En 3. Aspekt dee behandelt gëtt ass d'Undenken un d'Anciens Combattants Luxembourgeois aus dem 1. an 2. Weltkrich an aus dem Koreakrich.
  • E Centre de Recherche et de Documentation an e pedagogesche Service ronnen d'Offer vum Musée of.

Wéini op ass[änneren | Quelltext änneren]

  • Vun dënschdes bis sonndes: vun 10:00 bis 18:00 Auer
  • All méindes, geneesou wéi den 1. Januar, Fuessonndeg an de 25. Dezember ass zou.
  • De 24. Dezember an den 31. Dezember: vun 10:00 bis 16:00 Auer

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Muséeën am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf
Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Capellen · Lancaster Memorial zu Wäiswampech
  • Aner Institutiounen am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
  • Am noen Ausland:
Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nationale Militärgeschichtsmusée – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Brauerei Drüssel. industrie.lu. Gekuckt de(n) 18 November 2021.