Nationalsozialistische Deutsche Arbeiterpartei

Vu Wikipedia
Gëllent Parteiofzeechen, der dréchthéchster Auszeechnung vun der NSDAP

D'Nationalsozialistesch Däitsch Aarbechterpartei (op Däitsch: Nationalsozialistische Deutsche Arbeiterpartei, kuerz NSDAP) war eng extreem-riets däitsch politesch Partei. Si war tëscht 1920 an 1945 aktiv an huet d'Ideologie vum Nationalsozialismus verbreet.

Hire Parteipresident war vun 1921 un de spéidere Räichskanzler Adolf Hitler, ënnert deem d'NSDAP Däitschland zur Zäit vum Drëtte Räich (1933-1945) als eenzeg zougeloosse Partei beherrscht huet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Adolf Hitler 1930 mat Membere vun der NSDAP zu München
Parteibuch vun der NSDAP

Grënnung an éischten Echec[änneren | Quelltext änneren]

D'Partei ass de 5. Januar 1919 vum Schlässer Anton Drexler an dem Journalist Karl Harrer[1] als Deutsche Arbeiterpartei (DAP) zu München gegrënnt an ee Joer méi spéit an NSDAP ëmgenannt ginn. Si huet sech duerch hire radikalen Antisemitismus charakteriséiert. Wéineg méi spéit ass den Adolf Hitler Member ginn, dee sech duerch säin Talent als Riedner ervirgedoen huet a séier de Virsëtz vun der Partei iwwerholl huet. Vun 1920 u war d'Hakekräiz d'Symbol vun der Partei.

An de Joren duerno ass d'NSDAP séier an der Géigend ëm München gewuess, spéider sinn och an aneren Deeler vu Bayern sougenannten Ortsgruppen gegrënnt ginn. Vun Ufank un huet d'NSDAP massiv géint d'Weimarer Republik gehetzt a géint d'Konditioune vum Traité vu Versailles gestëppelt, deen hirer Meenung no Däitschland an de Ruin géif dreiwen. Fir un d'Muecht ze kommen huet d'Partei zur Gewalt opgeruff. Am November 1923 huet d'NSDAP e Putschversuch ënnerholl fir zu München d'bayresch Landesregierung ze stierzen. Déi Initiativ ass awer gescheitert an den Hitler ass verhaft ginn.

Neigrënnung an éischt Succèsen[änneren | Quelltext änneren]

1925 ass den Hitler aus dem Prisong entlooss ginn an huet d'Partei nei opgebaut. Iwwer en Netzwierk vu Vertrauenspersounen huet sech d'NSDAP och an aneren Deeler vun Däitschland etabléiert a vun 1928 un huet se sech ëmmer méi als Protestbeweegung presentéiert, déi eng radikal Oppositioun géint alles an der demokratescher Weimarer Republik gemaach huet. Et goufe speziell Verbänn fir zum Beispill Aarbechter, Juristen, Beamten, Studenten a Frae gegrënnt. D'NSDAP huet och eng aktiv a regional ugepasste Propaganda bedriwwen. D'NSDAP huet selwer Medienapparater opgebaut a wéinst de Gewaltaktioune vun hirer paramilitärescher Organisatioun, der Sturmabteilung (SA), war si och an den anere Medie present. D'Gewalt vun der SA huet sech géint hir Géigner geriicht, haaptsächlech d'Kommunisten an d'Sozialdemokraten, mee och géint d'Judden a jiddesch Butteker.

Am Mëttelpunkt vun der NSDAP hirem Message stoungen den Antisemitismus, Antikommunismus, Antikapitalismus an Antiparlamentarismus. Sou konnt si déi generell Onzefriddenheet vun der deemoleger Bevëlkerung fir sech benotzen an ëmmer méi politesch Erfolleger feieren. 1928 hat d'NSDAP nach 13 Mandater am Parlament a schonn zwee Joer méi spéit krut si 107 Mandater (19% vun de Stëmmen) bei de Wale fir de Reichstag. 1932 krut si 37% vun de Stëmmen (230 Sëtz am Parlament). Gläichzäiteg gouf si och a vill Gemengeréit a Landesregierunge gewielt.

D'NSDAP un der Muecht[änneren | Quelltext änneren]

No der Reichstagswahl vum 5. Mäerz 1933 huet d'Gleichschaltung vun de verschiddenen Apparater an Organisatiounen a ganz Däitschland ugefaangen. Wéi den Hitler un d'Muecht komm ass, hat d'NSDAP 850.000 Memberen; am Januar 1935 waren et der schonn 2,5 Milliounen. Aleng an den éischte Woche vum Hitler senger Herrschaft goufe bal eng Millioun Memberschaftsdemande gestallt. Den Zouwuess un neie Memberen ass bis zum Enn vum Zweete Weltkrich am Mee 1945 weidergaangen, wéi se néng Millioune Memberen hat.

An den 1930er goufen eng ganz Rei Verbänn fir all Deel vun der Gesellschaft gegrënnt, déi zwar offiziell onofhängeg waren, mee duerch Personaluniounen all enk matenee a mat der Partei verbonne waren. Wéi den Zweete Weltkrich ugefaangen huet, gouf geschat, datt zwee Drëttel vun der Bevëlkerung vum "groussdäitsche Räich" an der Partei oder hire Verbänn an aneren Organisatiounen aktiv waren. 95 Prozent vun de Leit hunn dat als Benevole gemaach, also ouni bezuelt ze ginn. Zu den Organisatiounen, déi der NSDAP nostoungen, hunn ënner anerem d'Deutsche Arbeitsfront (den Eenheetsverband vun den Aarbechter an dem Patronat), d'Nationalsozialistische Volkswohlfahrt (eng sozial Hëllefsorganisatioun) an d'Hitler-Jugend (d'Jugend- an Nowuessorganisatioun vun der NSDAP) gezielt.

D'Enn vun der Partei[änneren | Quelltext änneren]

Mat der militärescher Victoire vun den Alliéierten an dem Zesummebroch vun Nazidäitschland huet d'Partei opgehale mat funktionéieren. Den 10. Oktober 1945 ass d'NSDAP mat all hiren Niewenorganisatioune vun den Alliéierte verbuede ginn. An den Nürnberger Prozesser ass d'Partei als "verbriecheresch Organisatioun erkläert ginn.

1949 ass d'Sozialistische Reichspartei (SRP) gegrënnt ginn, déi dacks als Nofollgerpartei vun der NSDAP betruecht gëtt. Och si ass 1952 vum Bundesverfassungsgeriicht verbuede ginn.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jee no Quell heeschen déi zwou Persounen Anton Drexler a Karl Harrer (zum Beispill an Orlow, Dietrich O. “The Organizational History and Structure of the NSDAP, 1919-23.” The Journal of Modern History, vol. 37, no. 2, 1965, pp. 208–226 oder der uwegenannter Quell vun Zukunft braucht Erinnerung) oder Alfred Drexler a Konrad Harrer (zum Beispill bei der uewegenannter Quell vun der Bundesstelle für politische Bildung)