Op den Inhalt sprangen

Operatioun Pauly

Vu Wikipedia
Operatioun Pauly
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2024
Première 18.September 2024
Dauer 99
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Marc Thoma
Dréibuch Marc Thoma
Fotografie Jean Schwartz
Pierre Vandeninden
Raymond Faber
Musek Anselme Pau
Produzent Unioun vun de Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen asbl
Filmengelcher asbl
Schauspiller
Charly Leonardy
Damian Poltorak
Fabien Gillander
Constant Kloeckner
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Opertioun Pauly ass e Film vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Resistenzbeweegungen asbl an de Filmengelcher asbl, ënnert der Regie vum Marc Thoma, deen och d'Dréibuch geschriwwen huet. De Film erzielt déi authentesch Geschicht vun der Flucht vu véier Häftlingen aus dem Ausselager Arolsen vum KZ Buchenwald.[1][2] Vum 18. September 2024 war de Film an de Lëtzebuerger Kinoen ze gesinn. D'Avant-Premiere war den 13. September 2024 am Festsall zu Kielen.

Ëm wat geet et am Film?

[änneren | Quelltext änneren]

Déi zwéi Lëtzebuerger Nicolas Wolff[3] a Pierre Schaul hu refuséiert den Eed op den Hitler ze leeschten. Duerfir koume si als Resistenzler an d'KZ Buchenwald. E puer Méint méi spéit goufe s'an d'Ausselager SS-Führerschule Arolsen verluecht. Sonndes, de 4. Juni 1944 si se zu véier zesumme mat dem Belsch Fernand Labalue an dem Pol Adolf Korzynski[4] geflücht. Si haten den Auto vun engem SS-Dokter, e Ford Eifel, deen ausser Betrib an der Garage stoung, heemlech gefléckt. Fir hir Flucht hu si sech och SS-Uniformen a Waffe geklaut. E geklaute Marschpabeier hate se sech heemlech getippt: General der Waffen-SS Pauli von der SS-Führerschule Berlin, in geheimer Mission mit drei Mann auf dem Weg nach Saarbrücken.

Kalbliddeg konnten si domat d'Lager verloossen. Si fuere Richtung Marburg a Richtung Rhäin fir bei Koblenz iwwer déi eenzeg a streng bewaachte Bréck ze fueren. Och dëst geléngt hinnen. Op der Hunsrückhöhenstrasse Richtung Tréier geet hinnen de Sprit aus. Duerno flüchten si zu Fouss weider a kommen de 5. Juni an der Géigend vu Morbach op Bischofsdhron. Do krute s'op engem Begriefnis eppes z'iessen an ze drénken ier se, zesumme mat der Schwëster aus dem Haus mam Zuch op Tréier gefuer sinn. Op der Tréierer Gare hate s'eng Stonn Openthalt an hunn an engem Lokal e Béier gedronk an du gouf et brenzeleg a si hu sech getrennt.

De Wolff an de Labalue konnte mat engem Gidderzuch bis op Waasserbëlleg flüchten an zu Fouss bis op Iechternach, wou si beim Schwoer vum Wolff ënnerkoumen. De Schaul an de Korzynski hunn de Wee bis op Dickweiler gepackt an hunn do bei der Famill Weydert eppes z'iesse kritt. Duerno gi se weider Richtung Fiels an iwwer d'Schinne vum Jangli bis op Kruuchten, wou se Owes géint 11 Auer beim Wolff sengen Elteren ukoumen.

Den 1. Juli 1944 hunn d'Nazie mat Hëllef vun enger Täterbeschreiwung intensiv no de véier Prisonéier gesicht an och eng Belounung vu 50.000 Reichsmark op si ausgesat.

Nom Krich huet de Labalue sech mam Pierre Schaul senger Schwëster Jeanne († 6. November 2015 zu Vottem) bestuet an huet zu Léck gelieft. De Korzynski huet eng Rei Joren zu Lëtzebuerg geschafft ier hien a Kanada ausgewandert ass.

D'Unioun vun de Lëtzebuerger Resistenzorganistaiounen asbl hat beim Filmfong eng Ënnerstëtzung vun 22.500 € ugefrot, déi se awer net kruten.[5][6][7] D'Kontrovers hätt och eppes mat der Persoun vum Marc Thoma ze dinn.[8]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Die abenteuerliche Flucht von vier KT-Häftlingen aus dem Außenlager Arolsen.. ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de(n) 30.9.2024.
  2. Fernand Lorang, Ein General und drei Mann Die dramatische Flucht von vier Buchenwald-Häftlingen. Luxemburger Wort (4.6.1964). Gekuckt de(n) 30.9.2024.
  3. Akte von WOLFF, NIKOLAUS, geboren am 08.04.1920. Arolsen Archives. Gekuckt de(n) 30.9.2024.
  4. Akte von KORZYNSKI, ADOLF, geboren am 16.03.1914. Arolsen Archives. Gekuckt de(n) 30.9.2024.
  5. Opklärung. unioun.lu. Gekuckt de(n) 30.9.2024.
  6. Communiqué “Filmfong”. unioun.lu. Gekuckt de(n) 30.9.2024.
  7. “Operatioun Pauly”: kee Cent a kee Su vum Filmfong. D’Unioun vun de Resistenzler weess, firwat!. guykaiser.lu. Gekuckt de(n) 30.9.2024.
  8. Michèle Gantenbein, Operatioun Pauly, Über die Kontroverse um ein Kriegsdrama, das keine Filmförderung erhielt. wort.lu [€]; Luxemburger Wort, S.2-3 (26.10.2024). Gekuckt de(n) 26.10.2024.