Parc naturel régional des Ballons des Vosges
De Parc naturel régional des Ballons des Vosges ass e regionalen Naturpark a Frankräich. E gouf am Juni 1989 op Initiativ vun den dräi fréiere Regiounen Elsass, Loutrengen a Franche-Comté gegrënnt a vereent 198 Gemenge(Stand November 2020) mat ronn 240.000 Awunner[1]. Den Naturpark ass 3000 km² grouss a läit a 4 Departementer: Haut-Rhin, Haute-Saône, Vosges an Territoire de Belfort, an domat a an de Regioune Grand Est a Bourgogne-Franche-Comté. D'Administratioun vum Park ass zu Munster.
Geografesch erstreckt de Park sech iwwer de Süde vum Vogesen-Massiv, den Hautes Vosges, vum Dall vu Sainte-Marie-aux-Mines bis viru Belfort a bis bei Luxeuil-les-Bains. Am Norde geet de Park iwwer an de Parc naturel régional Vosges du Nord. Am Park leie 14 Bierger, Ballons genannt, déi méi wéi 1100 Meter héich sinn.
Landschaft
[änneren | Quelltext änneren]Héchst Bierger (Ballons):
- Grand Ballon (1424 m)
- Hohneck (1363 m)
- Tanet (1292 m)
- Petit Ballon (1272 m)
- Ballon d'Alsace (1247 m)
- Grand Brézouard (1229 m)
- Drumont (1223 m)
- Ballon de Servance (1216 m)
- Grand Ventron (1204 m)
- Planche des Belles Filles (1148 m)
De Plateau des Mille Étangs besteet aus Weieren, déi an der leschter Äiszäit entstane sinn an am Nordoste vum Departement Haute-Saône leien.
Fauna a Flora
[änneren | Quelltext änneren]-
Wollef (2011 agefouert).
Patrimoine
[änneren | Quelltext änneren]-
Thermes Napoléon, Plombières-les-Bains.
-
Collégiale Saint-Thiébaut zu Thann
-
Maison de la forêt et du bois des Vosges zu Saulxures-sur-Moselotte.
-
Panorama vum Grand Ballon.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Le Parc en chiffres Archivéiert de(n) 2021-09-23. Gekuckt de(n) 2021-03-26.