Paul Feltes

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Paul Feltes
Gebuer 1. August 1969
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Sorbonne – Paris IV
Aktivitéit Historiker, Professer

De Paul Feltes, gebuer den 1. August 1969 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser an Historiker.

No senger Première am Iechternacher Kolléisch huet hien am deemolege Centre universitaire an der Stad Geschichtsstudien ugefaangen an 1994 zu Stroossbuerg mat engem Mémoire de maîtrise iwwer d'Lëtzebuerger Justizorganisatioun am 19. Joerhonnert ofgeschloss. Am Kader vum Stage pédagogique huet hien 1996 e Mémoire scientifique iwwer den Impakt vun der Weltwirtschaftskris vun 1929 op d'Siderurgie an op d'Lëtzebuerger Gesellschaft presentéiert.

Hie war historesche Beroder bei der Produktioun vum Film Heim ins Reich (2004) deen ee Präis vun der UNESCO gewonnen huet.

Tëscht 2004 an 2015 war hie Geschichtsprofesser am Stater Lycée Michel-Rodange. 2008 huet hien ee Master 2 iwwer den Zoustand vun der europäescher Stolindustrie um Virowend vun der Kriis vun den 30er Joren, geschriwwen. 2015 huet hie sech an de Stater Kolléisch versetze gelooss.

De 15. Oktober 2016 huet de Paul Feltes, zu Paräis op der Sorbonne, eng Dokterthees ënner dem Titel L'Europe et l'acier (1929-1939) - L'invisible république des maîtres de forges du temps des cartels: mythes et réalités mat Erfolleg verdeedegt.[1]

Den 29. Januar 2020 krut de Paul Feltes, fir seng mëttlerweil publizéiert Thees, den Émile & Aline Mayrisch-Präis, gestëft vum Cercle des Amis de Colpach, an enger Séance académique um fréiere Siège vun der Arbed iwwerreecht.

De Paul Feltes ass bestuet a Familljepapp.

Bibliographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Une histoire mouvementée d'un petit pays au coeur de l'Europe; in: L'art au Luxembourg - De la Renaissance au début du XXe siècle; erausgi vum Fonds Mercator (& Schortgen), Bréissel (& Esch-Uelzeg), 2006; Ss. 9-44, ill.;
  • L'électrification du Luxembourg - Genèse et développement de la CEGEDEL (1928-2003). Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag, 2003; 189 Säiten, ill., Kaart, Bibliogr.;
  • L'organisation judiciaire du Luxembourg au 19e siècle: un élément de la formation d'un État et d'une administration (1839-1885); in: Hémecht, Joergank 50 (1998), Heft 1, Ss. 27-67, Heft 2, Ss. 135-175 an Heft 3, Ss. 375-396; Lëtzebuerg, 1998;
  • Les causes de la révolution; in: La révolution de 1848 et les débuts de la vie parlementaire au Luxembourg; erausgi vum Greffe vun der Chamber (Chambre des Députés), Lëtzebuerg, 1998; Ss. 55-61;
  • La grande crise de 1929 et son impact sur la société luxembourgeoise étudiée à travers le cas de la sidérurgie; mémoire scientifique, stage pédagogique; Lëtzebuerg & Iechternach, 1996; 153 S. (Tabl., Graph.).
  • Modernisierung einer konservativen Volkspartei (1974/79-2004); in: CSV - Spiegelbild eines Landes und seiner Politik? Geschichte der Christlich-Sozialen Volkspartei Luxemburgs im 20. Jahrhundert; erausgi vum Gilbert Trausch, Co-Auteur; Lëtzebuerg (Sankt Paulus Verlag), 2008; Ss. 399-460.
  • L'industrie lourde luxembourgeoise dans les années trente (1929-1939); in: Terres rouges - Histoire de la sidérurgie luxembourgeoise, 3. Bd., erausgi vum Centre d'études et de recherches européennes Robert Schuman (CERE) a vun den Archives nationales de Luxembourg (ANL); Lëtzebuerg, 2012; 292 S. + 1 Tableau; ISBN 978-99959-635-6-9
  • Le "nouvel Athénée" de 1964, reflet de la modernisation du Luxembourg; in: (Kollektiv) De Kolléisch 2017, Festschrëft zum Bicentenaire vum Kolléisch als Athénée (1817-2017) an zur feierlecher Aweiung, de 24. Abrëll 2017, vum renovéierten a moderniséierte Gebai vun 1964; Lëtzebuerg (Éditions de l'Athénée & Print Solutions), [September] 2018, 2. Bänn; hei, Bd. I, Ss. 98-110 (Ill. & Referenzen).
  • Le Luxembourg, l'Europe et l'acier à l'époque des cartels (1929-1939); in: annALes de l'Athénée de Luxembourg / d'annALe vum Stater Kolléisch, Nr. 11/2017-2018; Ss. 408-413 (ill.).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Resümmee vun der Theese L'Europe et l'acier (1929-1939). L'invisible république des maîtres de forges du temps des cartels: mythes et réalités