Paul Kremer
| Paul Kremer | |
|---|---|
| Gebuer |
8. Mee 1943 Dikrech |
| Gestuerwen | 21. Dezember 2025 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Schrëftsteller |
|
| |
De Paul Kremer, gebuer den 8. Mee 1943 zu Dikrech[1], a gestuerwen den 21. Dezember 2025[2][3], war e lëtzebuergesche Philosophiesprofesser an Auteur.
De Paul Kremer, e neoplatonesche Philosoph [Quell?], huet 1968 op der Sorbonne (Paräis) eng Thèse de 3e cycle an der Logik gemaach: Concept et existence chez Frege. Am Kader vum Stage pédagogique fir Professer am Secondaire ze ginn, huet hien 1970 e Memoire ënner dem Titel Wende der Zeit - anhand von Heidegger verdeedegt. 1974 gouf e Professer am Lycée Robert-Schuman an der Stad. Um Enn vu senger Karriär am Enseignement huet hien och als Assistant-professeur op der Universitéit Lëtzebuerg Coursë ginn.
Hie war wärend ronn 30 Joer fräie Mataarbechter vun RTL Radio Lëtzebuerg, a an huet Konferenzen a Kommentaren am Soziokulturelle Radiogemaach.
De Paul Kremer war President vun der Commission nationale d'éthique.
De Paul Kremer war Ceinture noire am Karate an Triathleet.
Publikatiounen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Wende der Zeit. Éditions Schortgen, 2011; 164 Säiten; ISBN 978-2-87953-134-2. [Dëst Buch spigelt dem P. Kremer seng 30-järeg Mataarbecht bei RTL erëm].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Wirth, Nico, 2012. Paul Kremers Buch Wende der Zeit. Irrstern Luxemburg. - d'Lëtzebuerger Land vum 17. Februar 2012, S. 18-19.
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Luxemburger Lexikon, S. 227.
- ↑ "De pensionéierte Philosophieprofesser an Auteur Paul Kremer ass e Sonndeg gestuerwen." rtl.lu, 22.12.2025.
- ↑ Ehemaliger Lehrer und Autor Paul Kremer gestorben. Luxemburger Wort vum 23. Dezember 2025 S. 37
