Op den Inhalt sprangen

Pierre Brasseur (Industriellen)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Industrielle Pierre Brasseur. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Brasseur.
Pierre Brasseur
Gebuer 21. Juni 1832
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 7. Februar 1918
Aktivitéit Jurist
Famill
Geschwëster Hubert Brasseur (1823), Dominique Brasseur
Kanner Xavier Brasseur

De Pierre Brasseur, gebuer den 21. Juni 1832 zu Esch-Uelzecht, gestuerwen de 7. Februar 1918, war en Nottär an Industriellen.

Hien huet an den 1850er Joren zu Paräis Droit studéiert. Ëm déi Zäit ass hie gewuer ginn, datt et en industrielle Gebrauch fir d'Minett géif. Wéi hien zeréck op Lëtzebuerg komm ass, huet hien ugefaange Terrainen zu Esch ze kafen, wou seng Famill der schonn hat. Hien huet fir d'éischt als Agent fir d'Metz & Cie geschafft ier hie sech selbstänneg gemaach huet.

1861 war hien ee vun de Grënner vun der Société pour l'exploitation des Minières du Grand-Duché de Luxembourg.

1865 gouf hien Nottär zu Esch.

Zesumme mat senge Bridder Dominique-Alexis an Hubert a 24 aneren Investisseuren huet hien de 26. Januar 1870 zu Esch-Uelzecht d'Société des Hauts Fourneaux de Luxembourg, déi sougenannt Brasseur-Schmelz gegrënnt, déi spéider Terres Rouges. Si hat e Kapital vun zwou Millioune Frang, wat séier op dräi Millioune gehuewe gouf. De Pierre Brasseur war och den éischten Direkter vun der Brasseur-Schmelz bis hie sech ëm 1874 mat sengem Verwaltungsrot iwwerworf huet.

Den 22. Juni 1875 gouf de Pierre Brasseur Nottär zu Déifferdeng genannt. Hie war awer och weider am Beräich vun de Minièren aktiv, ënner anerem fir de Victor Tesch an den Norbert Metz, mat deenen hien excellent Relatiounen hat. Hie war 1882 den Nottär virun deem d'Société anonyme des Hauts-fourneaux et Forges de Dudelange gegrënnt gouf nodeem hie virdrun d'Missioun kritt hat, d'Terraine fir d'Schmelz ze kafen.

Den 2. November 1885 ass de Pierre Brasseur nees Nottär zu Esch genannt ginn.

1894 war hien zu Rëmeleng ee vun de Grënner vun der éischter Zementsfabrick zu Lëtzebuerg, der Brasseur, Lambert & Cie. D'Rëmelenger Fabrick huet hien 1897 an d'Compagnie Générale des Ciments abruecht.

1914 huet sech de Pierre Brasseur als Nottär zeréckgezunn.

Hie war dat 11. Kand vum Dierwiechter Alexis Brasseur-Schockmel. De 17. November 1864 huet hien d'Hélène Wurth, dem François-Xavier Wurth-Paquet säi Meedchen, bestuet. Si hate fënnef Kanner, de Xavier, den Hubert, de Paul, d'Julie an d'Louise.

  • Jules Mersch: Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 19