Pierre Gramegna

Vu Wikipedia
Pierre Gramegna
Gebuer 22. Abrëll 1958
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Panthéon-Assas
Aktivitéit Politiker, Ekonomist
Partei Demokratesch Partei

De Pierre Gramegna, gebuer den 22. Abrëll 1958[1] zu Esch-Uelzecht[2], ass e lëtzebuergeschen Diplomat a Manager. Hien ass zanter dem 4. Dezember 2013 Finanz- a Budgetsminister an der Regierung Bettel-Schneider.

Hien huet op der Universitéit Paris II Droit an Ekonomie studéiert, an ass direkt duerno an de lëtzebuergeschen diplomateschen Déngscht agetrueden.

Hien huet 5 Joer am Ausseministère geschafft, duerno war e 5 Joer Conseiller d'ambassade zu Paräis, 3 Joer Generalkonsul zu San Francisco a schliisslech 6 Joer Lëtzebuerger Ambassadeur zu Tokyo.[3]

No engem Joer als Chef vun der Direction des affaires européennes et des relations économiques internationales am Ausseministère gouf hien 2003 Direkter vun der Chambre de commerce. Hie blouf dat bis zu senger Ernennung zum Regierungsmember an der Regierung Bettel-Schneider.

Hie war vun 2004 bis 2008 President vum Verwaltungrot vun der Cargolux a Verwaltungsrotmember vun der Bourse, Société nationale de crédit et d'investissement, Office du ducroire, Luxexpo a BGL BNP Paribas.

Gielercher

Um Spaweck

Commons: Pierre Gramegna – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. future-internet.uni.lu
  2. Biographie vum Pierre Gramegna op paperjam.lu
  3. "Pierre Gramegna sera le nouveau ministre des Finances." wort.lu, 14.10.13 15:25.
  4. Memorial B N° 103 vun 2012 mat der Lëscht vun de Leit déi 2012 eng national Auszeechnung kritt hunn