Pierre Puiseux

Vu Wikipedia
Pierre Puiseux
Gebuertsnumm Pierre Henri Puiseux
Gebuer 20. Juli 1855
Paräis
Gestuerwen 28. September 1928
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École normale supérieure
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Alpinist
Member vun Académie des sciences

De Pierre Henri Puiseux, gebuer den 20. Juli 1855 zu Paräis a gestuerwen den 28. September 1928 war e franséischen Astronom a Geolog. Hie gouf virun allem duerch de fotografesche Paräisser Moundatlas bekannt.

De Jong vum Mathematiker Victor Puiseux war op d'École normale supérieure gaangen, ier hien am Joer 1885 als Astronom am Paräisser Observatoire seng Aarbecht opgeholl hat.

Ufanks hat hie sech mat der Aberratioun vum Liicht befaasst, mat der Himmelsmechanik (besonnesch mat de Bunnbeweegunge vun Asteroiden) an der Topographie vum Äerdmound. An Zesummenaarbecht mam spéideren Observatoiresdirekter Maurice Loewy a mat aneren Observatoiren huet hien och un der (ni ganz fäerdeggestallter) fotografescher Himmelsduerchmusterung Carte du Ciel geschafft. Hie gouf duerch de Paräisser Moundatlas (1896) an den Atlas photographique de la Lune vun 1910 berüümt, déi iwwer 50 Joer laang d'Standardwierker vun der Selenographie an der Moundkartéierung waren. Dofir haten de Loewy an hie méi wéi 6.000 Fotoe vum Äerdmound opgeholl.

1896 krut de Puiseux de Lalande-Präis vun der Paräisser Wëssenschaftsakademie an 1900 de Jules-Janssen-Präis. 1912 gouf hie Member vun der Akademie an der Sektioun Astronomie.

Wéi säi Papp, sou war och hien e begeeschterten Alpinist. Nieft ville Biergspëtzten war hien eleng op de Mont Blanc geklommen. Bei dëse Geleenheeten huet hien d'Geologie vun de Bierger studéiert an huet dat Wësse fir seng Theorien iwwer d'Formung vun der Mounduewerfläch ausgenotzt. Vergläicher mat terrestresche Landformen a geologesche Strukturen hat hien 1908 a sengem Wierk La terre et la lune: forme extérieure et structure interne publizéiert.[1]

No him ass de Moundkrater Puiseux genannt ginn. Hie läit um Rand vum Mare Humorum, genee op där anerer Säit vum Loewy-Krater.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. La terre et la lune: forme extérieure et structure interne.