Pierre Reysenn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Pierre Reysenn gebuer de 27. September 1914 zu Marche-en-Famenne a gestuerwen de 27. Mee 2002[1], zu Bitburg[2],war e belschen Usträicher, Schräiner, Zaldot a Gendaarm, dee vun 1940 un Zaldot an der Amerikanescher Arméi war, an den eenzege Belsch, deen an amerikanescher Uniform den Ugrëff op Pearl Harbor materlieft huet.

Nom Krich war hie Spezialagent fir d'éischt am amerikanesche Geheimdéngscht an duerno am OSI an Däitschland.

Hien ass 1992 am Alter vun 78 Joer a Pensioun gaangen, an hat de Grad GS-12 vun engem Federal agent, wat dem Grad vun engem Colonel-Leitnant entsprécht.

1999 gouf hien an d'AFOSI Hall of Fame opgeholl.

Méi Detailer[änneren | Quelltext änneren]

De Pierre Reyssen koum zu Marche-en Famenne an der Route de Waillet op d'Welt. Hie war do de jéngste vun dräi Bridder, déi aner zwéi waren de François an de Joseph. D'Eltere waren de Joseph Reyssen, deen op der Bunn geschafft huet, an d'Marie Gouverneur. D'Koppel krut laang duerno nach ee Meedchen d'Hélène. Wéi de Pierre sechs Joer hat si seng Eltere geplënnert fir sech um Rempart des Jésuites z'installéieren, am Nopeschhaus vum haitege Musée de la Tourelle.

Mat 14 Joer huet de Pierre eng Usträicherléier ugefaangen, an huet duerno an enger Schräinerei geschafft.

Mat 20 Joer goung hie bei d'Arméi, a wéi e säi Militärdéngscht fäerdeg hat, gouf hien an de sougenannte Forces supplétives vun der belscher Gendarmerie opgeholl. Niewelaanscht huet en nach als Blechschléier bei der Firma Breulet geschafft.

Enn Mäerz 1939 gouf hie mat dräi Kolleege vun der belscher Regierung op New York geschéckt fir bei der Weltausstellung op de belsche Pavillon opzepassen, am speziellen op Diamanten am Wäert vu véierhonnert Millioune Frang. Wéi d'Ausstellung eriwwer war huet d'belsch Regierung decidéiert fir de Pavillon bis 1940 stoen ze loossen. Beim Ofrappe vum Pavillon war hie vun enger Stee gefall an hat sech en Aarm an e Bee gebrach. Doduerch koum hien an e Spidol zu Flushing Meadows, a konnt net mat senge Kolleegen an d'Belsch zréckfueren. Wéi en erëm lafe konnt war an Europa de Krich ausgebrach, an hie konnt net direkt heem fueren. Sou huet hien eng Zäitchen an der belscher Ambassade zu Washington op Invitatioun vum Grof Van der Straeten-Ponthoz verbruecht. Do gouf hie gewuer dat säi Papp a seng Bridder an en Aarbechtslager verschleeft gi waren. Hie wollt sech dunn der Friemelegioun uschléissen, déi zu Narwik an Norwegen géint d'Wehrmacht gekämpft huet. Den Ambassadeur huet him dat refuséiert, wéinst diplomatesche Grënn. Sou war säi Choix net grouss, hie konnt zréck an d'Belsch goen an do Gendaarm ënner dem Okkupant spillen, oder an Amerika bleiwen, awer do gouf hie baussent der Ambassade als net berechtegten Immigrant ugesinn. Well hie wollt an enger Alliéierter Arméi fir säi Land kämpfen, huet den Ambassadeur ëm schliisslech 20 Dollar an de Grapp gedréckt, an hien huet sech an d'Louisane durchgeschlo, well do och franséisch geschwat gouf. Hien hat véiermol probéiert fir an d'US-Army ze kommen. Dat gouf him awer ëmmer refuséiert well hien d'belsch Nationalitéit hat. Bei der fënnefter Kéier sot de Rekrutéierungsoffizéier him hie soll eng Deklaratioun maachen dat hie wéilt Amerikaner ginn. Dat gouf gemaach, an dräi Deeg duerno war hien an der Arméi.

Du gouf hien an de Camp Uton geschéckt fir d'Opnamtester ze maachen déi hien trotz der Sproocheschwieregket mat 90 % bestanen huet. Well seng Resultater sou gutt waren, gouf hien an de Fort Monmouth an den New Jersey geschéckt, fir als Funker a Morsetelegraphist ausgebilt ze ginn. Fir seng Formatioun ze kompletéiere gouf hien op Hawaii geschéckt, wou hien am Oktober mat enger Longenentzündung ukoum, an an d'Spidol huet misse goen. Do koum hien de 6. Dezember 1941 eraus, just een Dag virum Ugrëff vun de Japaner.

Déi Zäit hat hien nach ëmmer d'belsch Nationalitéit. Véier Méint no der Attack gouf seng Unitéit op d'Nopeschinsel Oahu verluecht. Am Mäerz 1942 gouf hie bei de Capitaine Carroll geruff deen him gesot huet, datt zwéin Ziviler eng Enquête géifen iwwer de Sergeant Reysenn maachen. Hie krut den Uerder fir d'Sonndesuniform unzedoen a sech bei engem gewësse Sullivan ze mellen deen an engem Büro e puer Bléck weider, um eng Mëttes géif op hie waarden. Wéi hien dunn do war huet sech erausgestallt datt dee Sullivan e Federal Agent war. Hien hat Angscht datt de Sullivan do wier well hien net déi amerikanesch Nationalitéit hat, an hien huet mat alle méiglech Mëttele versicht z'erkläre wéi et dozou koum, an datt hien e gudden Zaldot wier, a jo och wéilt Amerikaner ginn.

Deen huet gelaacht an him gesot, datt ëm näischt géif virgeworf ginn, am Contraire, si wieren do fir him ze hëllefen. Dofir misst hien awer zréck op Oahu fléien, fir um Geriicht vun Honolulu säin Eed als Amerikaner ofzeleeën, an huet ëm anengems all déi néideg Pabeieren an de Grapp gedréckt. Hien ass du mat engem Gooney Bird op Oahu geflunn an den 31. Mäerz 1942 krut hien d'Amerikanesch Staatsbiergerschaft.

Et huet bis an de Mee 1945 gedauert bis hien an d'Belsch fléie konnt fir zéng Deeg Congé ze maachen. Wéi en zu Bréissel op der Gare no sengem Papp dem Joseph Reysenn gefrot huet, krut en als Äntwert et géif keen sou ee ginn. Hie war an der Tëschenzäit gewuer ginn, datt d'Noriicht, säi Papp wier an engem Aarbechtslager, net richteg war, hien huet sech awer Suerge gemaach a wollt onbedéngt op Marche telefonéieren. Do krut e gesot d'Telephonsleitunge wieren all duerch d'Bombardementer futti. Am Laf vum Gespréich waren him e puer wallounesch Wierder entwëscht, an op eemol frot ee vun den Eisebunnerten hien, wouhier datt hien als amerikaneschen Zaldot Wallounesch kéint schwätzen. Hien huet him erkläert datt hie vu Marche wier, a wéi ee Wonner, do goung den Telefon erëm. Well d'Zuchstreck net op war koum nom Telefonsgespréich dat eenzegt Gefier vu Marche dat nach funktionéiert huet hie sichen. Sou gouf hie mam Pompjeescamion vu Marche heemgefouert.

Wéi säi Congé eriwwer war koum hien an den CICS op Paräis an duerno op Wiesbaden. Zu Wiesbaden huet hie fir d'éischt vum OSI héiere schwätzen, dee Service an deem hie 44 Joer sollt bleiwen.

Zesumme mat senger Fra Louise mat där hie sech den 31. Mäerz 1945 bestuet hat, ass hien dunn e puermol wéinst Detachementer geplënnert. Fir d'éischt war hie vun 1948 bis 1950 zu Westover am Massachusetts, duerno zu Burlington am Vermont an zu Presqu'île am Maine vun 1950 bis 1952. Duerno koum e vun 1952 bis 1956 op Bitburg an Däitschland, fir dann erëm op Washington ze plënneren. 1958 koum hien zréck op Bitburg bis 1992, wéi hien a Pensioun gaangen ass, an zu Bitburg wunne blouf.

Hien hat seng Arméiscarrière am Déngscht vum AFOSI den 1. Mee 1961 am Rang vun engem Master Sergeant opginn, an huet vun do bis zu senger Pensioun als ziville Special Agent geschafft.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Pierre J Reysenn op acientfaces.com
  2. Informatioun vun der Gemeng Bitburg