Portal Astronomie/Aktuelles (Archiv 2013)

Vu Wikipedia
  • 14. Dezember 2013: Mat der chineesescher Chang'e-3 lant fir d'éischt zanter 1976 nees eng Raumsond mëll um Äerdmound.[1]
  • Dezember 2013: De Koméit C/2013 R1 (Lovejoy)!
  • November/Dezember 2013: Neiegkeete vum Koméit C/2012 S1 (ISON). Kuckt den Artikel douzou.
  • 29. November 2013: No éischten Informatiounen huet de Koméit ISON de Fluch ronderëm d'Sonn iwwerstanen. Seng Gréisst huet dobäi awer gelidden an huet staark ofgeholl.
  • 30. September 2013: No Analyse vum Marsrover Curiosity huet d'Buedemmaterial um Mars zwéi Gewiichtsprozent Waasser, dat liicht ze extrahéieren ass. [2]
  • 15. August 2013: D'NASA huet d'Kepler-Missioun agestallt. Den Defekt vu Reaktiounsrieder um Weltraumteleskop war de Grond fir fréizäitegt mat der Missioun opzehalen.
  • 15. Juli 2013: Bei Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop gouf de 14. Mound vum Planéit Neptun entdeckt. Dee ronn 18 km grousse Mound dréit déi virleefeg Bezeechnung S/2004 N 1. [3]
  • 18. Juni 2013: Mam automateschen Observatiounssystem Pan-STARRS gouf den zéngdausendsten äerdnoene Asteroid entdeckt. Hien huet en Duerchmiesser vu ronn 300 Meter a seng virleefeg Bezeechnung ass 2013 MZ5. [4]
  • 1. Mäerz: Eng Falcon 9 ass vu Cape Canaveral mat engem onbemannte Dragon-Raumschëff gestart ginn. Duerch technesch Problemer muss d'Kopplung mat der ISS verréckelt ginn.[5]
  • 15. Februar: Grouss Meteoritte sinn um 9 Auer (Lokalzäit) iwwer de russeschen Himmel gezunn an hunn en décke wäisse Schwäif hanner sech gezunn. Se si schliisslech an der Ural-Provënz Tscheljabinsk erofgefall. Do hu si eng Schoul an eng Zénkfabréck deelweis zerstéiert. Vill Fënsteren an der Ëmgéigend sinn duerch d'Drockwell vum Objet zerbrach. Ëm déi 1000 Leit goufe blesséiert. Déi Meteoritteschauer soll awer näischt mam Asteroid 2012 DA14ze dinn hunn, deenn de selwechten Dag owes laanscht d'Äerd geflunn ass. Weider liesen: De Meteor vun Tscheljabinsk.
  • 7. Februar 2013: Den Asteroid 2012 DA14, deen eréischt d'lescht Joer entdeckt gouf, flitt, no de Berechnunge vun den Astronomen, de 15. Februar 2013 um 20.24 Auer mat enger Vitess vun 28 000 Kilometer/Stonn laanscht eis Äerd a kräizt dobäi souguer d'Bunn vun ettleche Kommunikatiouns- an Äerdobservatiounssatellitten. - De ronn 50 Meter groussen Asteroid ass zwar no Aussoe vun der NASA keng Gefor fir eis Äerd, awer sou no koum zanter der moderner Himmelsiwwerwaachung, nach keen Asteroid.
  • 27. Januar 2013: Den Iran huet no eegene Aussoen eng Rakéit mat engem Af u Bord an de Weltraum geschéckt. D'Déier ass mat enger Kawoschgar-Rakéit op eng Héicht vun 120 Kilometer geschoss ginn an ass nees gesond zeréckkomm, publizéiert de staatleche TV-Sender al-Alam de 27. Januar ënner Beruffung op d'Verdeedegungsministère, déi och d'Administratioun vun der Raumfaart duerstellen.- Wéini a wou de Start war, gouf net bekannt.