Prosper-Mathieu Henry

Vu Wikipedia
Prosper-Mathieu Henry
Gebuer 10. Dezember 1849
Nanzeg
Gestuerwen 25. Juli 1903
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom
Famill
Geschwëster Paul-Pierre Henry

De Prosper-Mathieu Henry, gebuer den 10. Dezember 1849 a gestuerwen de 25. Juli 1903, a säi Brudder de Paul-Pierre Henry, ware franséisch Optiker an Astronomen.

Nom Doud vum Jean Chacornac kruten déi zwéi Bridder den Optrag fir Stärekaarte opzestellen. Fir sech d'Aufgab méi liicht ze maachen hu se d'Fotografie benotzt. Déi Instrumenter, déi dofir noutwenneg waren, inklusiv de groussen Objektiv, hate si selwer fabrizéiert. Hinnen ass déi séier Entwécklung vun der Astrofotografie am 19. Joerhonnert wesentlech ze verdanken.

Si hunn etlech Teleskopen an aner astronomesch Instrumenter hiergestallt. Am Observatoire vu Paräis hat jiddweree vun de Bridder siwen Asteroiden entdeckt (kuckt Lëscht vun den Asteroiden). Am November 1885 hu si fir d'alleréischt fotografesch de Reflexiounsniwwel ëm d'Plejaden entdeckt.

No de Bridder gouf den 42 km grousse Moundkrater Henry Frères, de Marskrater Henry an den Asteroid (1516) Henry genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]