Raymond Aubrac

Vu Wikipedia
Raymond Aubrac
De Raymond Aubrac (2008)
Gebuertsnumm Raymond Samuel
Gebuer 31. Juli 1914
Vesoul
Gestuerwen 10. Abrëll 2012
5. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École nationale des ponts et chaussées,
Harvard Universitéit,
Massachusetts Institute of Technology
Aktivitéit Bauingenieur, Ingenieur, RIF- Resistenzler, Héije Fonctionnaire
Member vun Franséisch Liga fir Mënscherechter


De Raymond Aubrac, gebuer den 31. Juli 1914 zu Lyon als Raymond Samuel a gestuerwen den 10. Abrëll 2012 zu Paräis war e franséische Bauingenieur a fréiere Member vun der Résistance.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Aubrac gouf als Kand vu jiddeschen Elteren als Raymond Samuel gebuer. No sengem Studium huet hien zu Stroossbuerg als Bauingenieur geschafft. 1939 huet hie sech mat der Lucie Aubrac bestuet.

Nom däitschen Iwwerfall 1940 huet hie mat senger Fra zesummen d'Resistenz-Grupp Libération Sud zu Lyon gegrënnt. 1941 huet se sech mat där vum Emmanuel d'Astier de la Vigerie zesummegeschloss fir d'Resistenz-Zeitung Libération ze grënnen. 1943 gouf d'Koppel Member vun der Armée secrète vum Charles Delestraint. Dem Aubrac seng Eltere sinn an d'KZ Auschwitz deportéiert an do ëmbruecht ginn. De Raymond hat ë. a. d'Decknimm Vallet, Ermelin a Balmont. Hie gouf no der Verhaftung vum Charles Delestraint Chef vun der Armée secrète.

Den 21. Juni 1943 gouf den Aubrac mam Jean Moulin an aneren héije Résistance-Membere vun der Gestapo verhaft. Hie gouf an de Fort Montluc verschleeft, wou e vum Gestapo-Chef Klaus Barbie gefoltert a verhéiert gouf an zum Doud verurteelt gouf. Den 21. Oktober 1943 huet d'Lucie an aner Resistenzler de Raymond an 13 aner Gefaange befreie kënnen. Am Februar 1944 si s'op London geflücht. Zanterhier hu se den Numm Aubrac, hire leschten Decknumm virun der Flucht, bäibehalen.

No der Liberatioun huet de Charles de Gaulle de Raymond Aubrac bis 1945 zum Kommissär fir Marseille designéiert. Bis 1948 huet hien am Ministère fir den Erëm-Opbau geschafft.

Den Aubrac, dee Member vun der Franséischer Kommunistescher Partei war, huet e Studien- a Fuerschungsbüro fir modern Industrie, de BERIM, gegrënnt. Hien huet 5 Joer am Marokko geschafft a gouf duerno en héije Beamte bei der Ernierungs- a Landwirtschaftsorganisatioun (FAO) zu Roum.

Hie war zanter 1946 mam Ho Ch-Minh befrënnt a war dofir am Indochinakrich an duerno am Vietnamkrich Vermëttler.

Hien huet sech ë. a. fir de Fridden am Noen Osten an zanter 2009 fir dat nei gegrënnt Russell-Tribunal fir Palestina agesat.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Raymond Aubrac, Où la mémoire s'attarde, Éditions Odile Jacob, 1996 ; édition de poche, 2000 ISBN2-7381-0850-4.
  • Raymond Aubrac et Renaud Helfer-Aubrac, Passage de témoin, Éditions Calmann-Lévy, 2011 ISBN978-2-7021-4201-1.

Documentaire[änneren | Quelltext änneren]

  • Raymond Aubrac, les années de guerre (2010), vum Pascal Convert a Fabien Béziat. les films d'ici, INA, Novanima.