Remo Raffaelli
Remo Raffaelli | |
---|---|
Gebuer | 7. Abrëll 1941 |
Gestuerwen | 6. Mäerz 2020 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur, Fotograf, Moler |
De Remo Raffaelli, gebuer de 7. Abrëll 1941 zu Brenden an der Gemeng Ühlingen-Birkendorf am Landkrees Waldshut a Baden-Württemberg a gestuerwen de 6. Mäerz 2020[1], war e lëtzebuergesche Moler, Sculpteur a Fotograf mat italieeneschen Originnen.
Liewen
De Remo Raffaelli ass zu Déifferdeng opgewuess. Vun 1958 bis 1959 hat hie Course beim Moler Attilio Lupo. Trotzdem war de Remo Raffaelli haaptsächlech en Autodidakt. 1953 huet hie mam Molen an 1980 mam Sculptéieren ugefaangen.
De Beräich an deem de Remo Raffaelli haaptsächlech aktiv war, ass d'Fotografie. Seng schwaarz-wäiss Sportsfotoe koumen 1984 an engem Buch eraus bei deem och säi Jong Patrick Raffaelli matgemaach hat.
De Remo Raffaelli huet d'Fotografie beim J. Bohler geléiert, wou hien och 3 Joer matgeschafft huet. Bis zu sengem Liewensenn huet hie Konscht-Fotografie an de Beräicher Architektur, Landschaften, Panorama, asw gemaach. Hie war Member an der Associatioun vun de Sportsjournalisten a -fotografen, sportspress.lu.
10 Joer laang waren d'Ausstellungen Steel and Painting j.Meis- Raffaelli r. e grousse Succès.
Vun 1971 un huet de Remo Raffaelli an enger Rëtsch Länner an Europa (Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, Italien, Holland, England, Belsch, Schweden, Éisträich, Schwäiz, Tierkei) an och a Mexiko an an den USA ausgestallt.
2007 gouf hie vun der Italieenescher Konschtakademie op hir 1. Biennale de l'Arte Contemporanea zu Florenz agelueden an huet do 9 Deeg ausgestallt.
Bis 2010 krut de Remo Raffaelli véierzéng éischt Präisser, dovun 8 internationaler a 6 nationaler.
Hien huet zu Esch-Uelzecht geschafft a geliewt.
Wierker (Auswiel)
- Remo a Patrick Raffaelli: Sport, 1984.
Biller
-
"Message 1"
-
"Message 2"
-
"Message 3"
-
"Message 4"
-
"Message 5"
-
"Message 6"
Skulpturen
-
"Aztèque", 21 × 39 cm, Steen, 11 kg
-
"Déchets de granith", 16 × 34 cm, 2,8 kg
-
Keramik mat Stol, 15 × 27 cm
Fotoen
-
"D'Schmelz ARBED"
-
"Minière de Rumelange"
-
"Centrale Thermique Belval"
Um Spaweck
Commons: Remo Raffaelli – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- ↑ Luxemburger Wort, 9. Mäerz 2020, Avis mortuaires Säit 46